Ancienne Draperie d'Esch-sur-Sûre (Maison du Parc)

Ancienne Draperie d'Esch-sur-Sûre (Maison du Parc)

Déi al Duchfabrik vun Esch-Sauer ass haut e liewege Musée a presentéiert d'Handwierk vun der Duchhierstellung, also vu Stofft aus Woll. Permanent Ausstellung, Geféiert Visite, Verkaf vun Decken déi op der Plaz gemaach ginn. Schon am 16. Joerhonnert gouf et zu Esch-Sauer eng Zunft vun Wiewer. Si ass zäitgläich entstanen mam Erfannen vun den éischten Maschinnen fir Woll ze verschaffen, eng Matière Première déi immens wichteg fir d'Duerf Esch-Sauer war, wou et soss weider keng wirtschaftlech Méiglechkeeten gouf. 1807 huet de Martin Schoetter-Greisch eng Walkmaschinn installéiert, 10 Joer méi spéit e Spannrad. D'Entreprise gouf 1866 vergréissert fir déi aner Etappen an der Duchproduktioun ze erméiglechen. 1901 hunn d'Gebridder Demuth d'Entreprise kaaft. D'Famill Demuth haat d'Duchfabrik bis si 1975 d'Dieren zou gemaach huet. Um Enn vun de 1950er Joeren hunn 23 Leit an der Duchfabrik geschafft. D' Duchfabrik as schlussendlech vun der technescher Revolutioun, dem Opkommen vun de synthetesche Faseren an der Ofschafung vum obligatoreschen Militärdéngscht iwwerrullt ginn. 1990 huet den SYCOPAN, de Gemengesyndikat fir d'Schafung vum Naturpark Uewersauer,...

(source: http://www.draperie.lu/lb)

Contact

Website: http://www.draperie.lu/lb

E-mail: anne.scheer@naturpark-sure.lu

Phone: 8993311 

Address: 15, rue de Lultzhausen

9650 Esch-sur-Sûre

Luxembourg