Mireille Weiten-de Waha

Mireille Weiten-de Waha

Litérature

D'Mireille Weiten-de Waha ass eng Autorin vu Kannerbicher, mee schreift och Kuerzgeschichte fir Erwuessener, déi als zeenesch Liesungen opgeféiert goufen.

Hier Erzielungen, an deene virun allem Déieren déi Haaptroll spillen, betounen de Wäert vun der Frëndschaft. "Klenge roude Léiw" ass eng Geschicht iwwer e klenge Léiw, dee fléie léiere wëll an um Enn vu sengen Aventure Frënn fënnt.

De Band, fir deen si 2006 de Kanner- a Jugendliteraturpräis "De Fiisschen" krut, erzielt d'Geschicht am lëtzebuergeschen Original, souwéi op Franséisch, Däitsch a Portugisesch. 2009 huet d'Figur am Parc merveilleux en eegene Pavillon krut, dee vum hirem Mann, dem Déirenzeechner Marco Weiten, entworf gouf. 2019 ass d'Geschicht an enger véiersproocheger Neioplo op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an och op Englesch publizéiert gin. "Kouhandel matt der Wiederhex" ass direkt an enger dräisproocheger Versioun (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) entstanen, wärend "2:1 fir de Kinnek Mo" eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum däitschen Original vum Jens Jörg Rieck ass.

D'Mireille Weiten-de Waha bidd Liesunge fir de Cycle 1, 2, 3 a 4 an de folgende Sproochen un: L,D,F, A (je no Buch).

Contact

Website: www.weitendewaha.lu

E-mail: mireilleweitendewaha@gmail.com