Jeff Hemmer

Jeff Hemmer

Art

Moien,

mäin Numm ass Jeff Hemmer. Ech schaffe säit 2020 Vollzäit als fräien Illustrator a Comiczeechner, donieft ginn ech regelméisseg Workshops. Ech hunn iwwert en Arbechtskolleg vu Kulturama héieren an wollt heimat froen, ob ech och an de Pool kéint opgeholl ginn.

Ech wunnen zu Bremen, mee ech kommen e puer Mol am Joer op Lëtzebuerg zréck a kann deemno disponibel si wann ech eng Ufro kréien.

Um Formulaire fir de Kënschtlerpool hunn ech beim éischte Punkt näischt ugekräizt, well automatesch dann ëmmer alles ugekräizt gouf. Op mech treffen déi dräi läscht Punkten zou. Ech hunn zwar och studéiert (Bachelor Integriertes Design, Hochschule für Künste Bremen), mee aus gesondheetleche Grënn hunn ech de Studium 2012 ee Joer virum Ofschloss ënnerbrach an duerno nët méi opgeholl, well mäi Fokus ëmmer um Zeechne luch an dat dee Moment duerch Verännerungen un der Héichschoul net méi ofgedeckt war. Ech ka meng berufflech Aktivitéit awer op Nofro mat engem Portfolio oder och Zeitungsartikelen beleeën.

Nieft menger konkreter Beruffserfahrung als Zeechner hunn ech och vill pädagogesch Erfahrung. Ech hunn e puer Joer als Betreuer an engem Wunnprojet fir onbegleet mannerjähreg Réfugiés geschafft an hunn an deem Kader och ugefaangen, Workshops ze ginn. Um Ufank just fir eis Clienten, spéider och ëmmer méi extern. 2020 hunn ech mech no der Opléisung vum Wunnprojet als Zeechner selbststänneg gemaach a liewe säitdem dovun. Ech zeechne meeschtens Commanden, haaptsächlech aus dem Bildungsberäich. Bei mengen Atelieren schaffen ech dacks mat Schoulen, mee och mat Muséen oder anere pädagogeschen Acteuren. Ech hunn Erfahrung mat Gruppe vun all Alter ab 1. Schouljoer a kann och joergangsiwwergräifend mat Gruppe schaffen. 2021-2022 hunn ech als Stipendiat zousätzlech eng länger Fortbildung "Künstlerische Interventionen in der Kulturellen Bildung" absolvéiert (Uni Hildesheim / Bundesakademie für Kulturelle Bildung Wolfenbüttel).

Contact

Website: www.afurnishedsoul.info

E-mail: jeffhemmer@posteo.net