Christophe Ruppert

Christophe Ruppert

Art

Ech sinn de Christophe, schaffen awer ausnamslos ënnert dem Numm Lascar, a sinn dorënner och um Netz oder éischter nach iwwer IG ze fannen. Ech maache haaptsächlech analog Collagen an Illustratione, awer och emol Street Art a Form vu Paste-Upen oder Stickeren. Leschtens bspw. fir de Cueva Kollektiv am Batiment 4, oder lo am Abrëll am Kamellebuttek, béides zu Esch. D Collagen entstinn aus alen Reklamme, Zäitschrëften a Bicher. 20 Stonnen d Woch schaffen ech awer och nach an engem soziale Beruff, an zwar als Educateur fir d Fondatioun Kannerduerf zu Miersch. Ech hunn ebenfalls e puer Joer Erfarung am Fondamental wou ech fest Remplacementer gemaach hunn. Jonk Mënsche si mer also net friem an ideal verbonne sinn meng béid Schaafensberäicher a Form vu Workshopen a Schoulen a Lycéeën, e puer hunn ech der ewell och scho gemaach. Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch a Englesch EF : Ab Cycle 3.1. ES: All Klassen Den Ëmkrees ass net limitéiert. Disponibilitéiten: No Ofsprooch ass quasi all Horaire méiglech, ech misst just e Mount am Virraus Bescheed wesse. 

Contact

Website: /

E-mail: ruppertchristophe@yahoo.com