Andy Genen

Andy Genen

Art

Ech hunn um Institut St-Luc een "graduat en arts plastiques (option BD)" gemaach a schaffen zënter 2003 als fräischaffenden (Comic-)Zeechner. Ech hunn iwwert d'Joren vill zeechneresch Projeten realiséiert (BDen, allméiglech Illustrationen fir de Beruffsinformatiounszenter vun der Adem, éischt Hëllefscoursen, Publicitéiten, Timberen, etc...) Donieft ginn ech och scho säit ville Joren an Primärschoulen, Lycéeën, Jugendhaiser a Maisons Relais. Engersäits halen ech do Virträg iwwert d'Geschicht vun der BD, d'Handwierk u sech an erklären wéi een eng BD mécht, anerersäits maachen ech och Workshoppen. Dat sinn elo keng klassesch Zeechecoursen, well engersäits kann ech kengem an e puer Stonne bäibréngen, wéi een zeechent (dovir ginn et genuch "normal" Zeechecoursen wou een dat léiere kann), an anerersäits wann ech enger Klass elo e puer Technike weisen, da sinn d'Chance grouss, dass da jidderee probéiert dat dann 1:1 ze iwwerhuelen an an deem Stil ze zeechnen. Mäin Ziil ass et, fir dass jiddereen herno seng eege Welt erschafen huet, seng eege Geschicht mat senge Figuren an déi dann herno esou erzielt, wéi nëmmen hien se erziele kann, mee awer no den Grondreegelen eben wéi een eng BD opbaut. Ee vun mengen Haaptziler ass scho mol fir vu vir eran de Leit déi Angscht ze huelen von wegen "ech kann net zeechnen". An dann léieren d'Leit Etapp fir Etapp selwer hir eege BD ze kreéieren, am Beschten an Unitéiten vun 8x2 Stonnen, wou all Kéiers eng weider Etapp an Ugrëff geholl soll ginn (allgemeng Introductioun, Idiiën fir eng Geschicht sammelen, Szeenario erschafen, Figuren kreéieren, Découpage, Bläistëftszeechnung, Tuschzeechnung...) Ech ka Coursen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch halen. Altersklassen ab 10 Joer. Disponibilitéiten si kee Problem fir mech, ech sinn do flexibel. Wat elo den Ëmkrees ugeet, alles vum Süden bis esou op der Héicht vun Ettelbréck ass kee Problem.

Contact

Website: /

E-mail: happyantstudios@yahoo.de