Graffiti Workshop

Graffiti Workshop

Ziel vun eisem Projet ass et, de Schüler d’ Konscht méi no ze bréngen a si op dee Wee ze motivéieren. D’ Klass Mosaik besteet zum aktuellen Zäitpunkt aus 3 Schüler, ee vun hinnen ass immens Konscht begeeschtert an huet grad eng méi schwéier Phase an der Schoul. Duerch de Projet probéiere mir hien erëm opzebauen an ze motivéieren.  
Den Daniel Mac Lloyd kennt de Schüler X, well hien schonn am Kamellebutték war. Déi 3 Schüler hu Schwieregkeeten zueneen ze fannen. Si sinn en zesumme gewierfelte Grupp a kenne sech net gutt. Duerch de Projet kënne si sech méi no kommen an de Schüler X kéint hinnen beim Graffiti hëllefen an e Virbild sinn, wat eng immens Wäertschätzung fir dee Schüler bedeit. 
Déi éischt Stonn souzen mir zesummen am Grupp an den Daniel Mac Lloyd huet verschidden Techniken vum Graffiti erkläert an och Fotoen vu Konschtwierker gewisen. Sou konnten d’ Schüler sech inspiréieren loossen. Duerno hu si e Brainstorming gemaach. Jiddereen konnt seng eegen Ideeën sammelen a mat an d’ Ronn bréngen. Mir hunn iwwert d’ Interessen/Hobbyen vun de Schüler an iwwert aktuell Themen wéi de Corona-Virus geschwat. D’ Schüler hunn hier Haaptidee fonnt an den Daniel huet hinnen unhand vu Skizzen gewisen, wéi dat Ganzt kéint realiséiert ginn an herno ausgesinn.  
Duerno konnten d’ Schüler mat de Spraydousen verschidden Techniken ausprobéieren. Si hunn op déi Mauer gemoolt wou duerno och de Graffiti soll entstoen. 

Den Daniel an d’ Schüler sinn d ‘Ideeën, déi lescht Séance gesammelt goufen, nach eng Kéier duerch gaangen. Den Daniel huet mat Hëllef vun de Schüler alles opgeschriwwen wat op d’ Mauer soll gemoolt ginn. An der Mëtt vum Graffiti kënnt e Sproch hin: “count your blessings”. Heimat soll ervir gehuewe ginn wat de Schüler am Liewen wichteg ass a wat hinnen duerch de Corona-Virus während dem Confinement geholl gouf.  
D’ Schüler hunn unhand vu verschiddenen Schrëften aus engem Graffiti Buch an aus dem Internet, déi Wieder zesumme gesat. Si hunn fir all Buschtaf eng aner Schrëft geholl. Den Daniel huet dat Ganzt op e Blat gezeechent. 
Duerno hunn d’ Schüler schonn verschidden Motiver op d’ Mauer gesprayt. Den Daniel huet hinnen dobäi gehollef. Hien huet duerno de Sproch nach op d’ Mauer gesprayt.  

D’ Schüler an den Daniel hunn d’ Mauer virbereet fir ze sprayen. Si hunn d’ Zeechnungen opgehaangen fir ze kucken wat op d’ Mauer gesprayt gëtt. All Schüler huet verschidden Motiver gesprayt. Si hunn sech ofgewiesselt a jiddereen ass un d’ Rei komm.  
Den Daniel huet hinnen mat der Schrëft gehollef. Zum Schluss konnt all Schüler seng Ënnerschrëft dobäi sprayen a mir hunn Fotoen gemaach. De Schüler huet et immens gefall an si hunn zum Schluss och méi Initiativen ergraff. De Luef dee si vu jidderengem kritt hunn an d’ Wëssen dass si selwer dëst schéint Konschtwierk gemaach hunn, huet hinnen immens gefall an hinnen gehollef fir méi e staarkt Selbstwäertgefill ze kréien. Mir sinn alleguerten immens frou iwwert d’ Ennresultat an d’ Schüler an hier Elteren sinn immens stolz. 

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: