D'Konscht vum Fussball

D'Konscht vum Fussball

Am Kader vum Schoulfest den 08.07.2019 am Lycée Technique zu Ettelbréck hate mir de Sven Fielitz ageluede fir en Abléck an d’Konscht vum Fussball jongléiere ze kréien. Et ware jeeweils 2 Workshop’en geplangt, eng Kéier Moies an eng Kéier Mëttes. Et ware vill Jonker ageschriwwen an de Sven huet direkt lass geluecht. Nom waarm maachen huet hien hinnen als 1. d’basics vum Jongléiere bäibruecht. Déi Jonk hunn och séier gemierkt, dass des Sportaart relativ ustrengend ass an een nawell vill Kierperspannung a Bauchmuskele brauch fir de Ball esou gutt ewéi méiglech kennen ze balancéieren.

Als Ofschloss huet de Sven selwer nach eng kleng Show presentéiert bei där ganz vill Jonker gespaant am Schoulhaff nogekuckt hunn. Duerch seng frëndlech a positiv Aart a Weis konnt hien d’Schülerinnen a Schüler souwéi och Proffen an d’Personal direkt mat rappen an hinnen e schéine Moment vermëttelen. 

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: