Mir maache Konscht

Mir maache Konscht

E Schoulfest zum Thema Konscht! Dat war eis Iddi, déi mir zimlech fréi vum Schouljoer 2018/2019 haten. D ‘Zil war, dass all d’Kanner aus der Réidener Schoul sech un engem gemeinsamen Konschtprojet bedeelegen, an dass duerno de Kanner hir Konschtwierker um Schoulfest ausgestallt ginn. Mir waren dunn immens frou, dass d’Isabelle PIRSON  an d´Florence HOFFMANN eis bei der Ëmsetzung ënnerstëtzt hunn.

Während d ‘Zyklen 1 a 4 Konschtwierker am 3D gemaach hunn, huet d’Isabelle de Kanner aus de Zyklen 2 an 3 d ‘Molen op Toile méi no bruecht. Hat huet de Kanner an eenzelen Etappen verschidden Techniken bäibruecht, sou dass schlussendlech all Kand eng individuell, grouss Toile mat Acrylfaarwen gemoolt huet. Themen ewéi “organesch Formen”, “Kal – a Waarm - Kontrast” sinn dobäi net ze kuerz komm.

An enger éischter Phas hunn d’Kanner mat Hëllef vum Isabelle Skizzen op A4 Blieder gezeechent. Nodeems si dunn och den Hannergrond gemoolt hunn, sollte si dann d ‘Skizz mat Kuel op eng grouss Toile zeechnen. Fir d’Kanner war et virun allem eng Erausfuerderung, fir déi ganz Toile ze gebrauchen, a net ze kleng ze molen.

Du koumen Acrylfaarwen an alle méigleche, knallegen Téin an d ‘Spill. Mat verschiddene Pinselen an Techniken sinn d ‘Biller ëmmer méi faarweg ginn.

Dat gesamt Resultat ass immens. Dem Isabelle ass et mat Gedold, vill Fachwëssen a Kreativitéit gelongen, all Kand esou ze ënnerstëtzen an ze begleeden, dass si selwer e Konschtwierk geschaf hunn.

Am Cycle 4 huet d´Florence Hoffmann eis bei der Ëmsetzung vun eisem Projet gehollef. D´Resultat vun hirem Atelier sollt eng kreativ Figur aus Specksteen sinn. Heifir krut all Kand en eegent Stéck Specksteen. Ier et awer elo un d´Hummeren, Feilen an Bueren goung, huet d´Florence Hoffmann de Kanner eng interessant Aféierung an Thema ginn an hinnen ganz fachmännesch erkläert a gewisen wéi aus esou engem Klompe Steen dann elo eng schéin Figur sollt entstoen. D´Kanner ware begeeschtert, well dëst eng Aktivitéit ass, déi si sou nach ni gemaach hunn. Dass eng Kënschtlerin si heibäi ënnerstëtzt huet, huet d´Saach nach méi interessant gemaach.  Mat vollem Kierperasaz a Gedold huet all Kand sech dunn un d ‘Aarbecht gemaach. Bei der Gestaltung vun hirem Steen waren hirer Kreativitéit keng Grenze gesat an si konnte sech ganz kënschtleresch austoben. Esou sinn dann no Stonnen Hummeren , Feilen, Bueren an Vernéieren wonnerschéi, ganz ënnerschiddlech Konschtwierker entstanen.

Den 12. Juli war et dunn endlech esou wäit, iwwer 100 Biller, 40 Specksteenfiguren an Papiermâchés Vigel aus dem Cycle 1 konnten dunn zu Réiden an der Aula ausgestallt a mëttes vun den Elteren an alle Visiteuren um Schoulfest bestaunt ginn. Mir soen de Kënschtlerinnen fir déi flott Zesummenaarbecht MERCI a wäerten bestëmmt och nach déi eng oder aner Kéier d’Geleeënheet notzen, fir mat hinnen e Projet ze starten.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: