Kreativwoch KW19

Kreativwoch KW19

4 Enseignante vun der Gemeng Déifferdeng hate sech am Juni 2018 no der Virstellung vu kulturama.lu Gedanke zum kreativen Alldag an de Schoule gemaach. Aus dëse Gedanken ass eng KreativWoch entstanen, an där d’Kanner d’Welt vun der Konscht an den
Alldag vum Kënschtler méi no bruet kruten. Eng 830 Kanner konnte vum 29. Abrëll bis zum 3. Mee an 58 Atelieren zesumme mat hiren Enseignanten u kreativen Atelieren duer huelen, déi vun 12 Kënschtler an 10 Enseignante proposéiert goufen, dat souwuel zu Lasauvage wéi och am Creative Hub 1535°. D’Konschtateliere woare ganz villfälteg:
Fotografie mam Néckel Scholtus, Abstrakt Konscht mam Françoise Ley, Isabelle Pirson, Film mam Thierry Frentz, Drock mam Annick Sinner an der Technikschoul, Graffiti mam Raphael Gindt, Illustratioun mam Lisa Junius, Landart mat der Naturschoul a mam Nora
Wagner, Skulptur mam Edith Rollinger, Anne-Marie Bernard, Corinne Schwachtgen, Billerfilze mam Lisa Junius, Mise en Scène vun engem oekologëschen Theaterstéck mam Patricia Lippert am Pascale Behrens, an aneren Atelieren...
Ënnerstëtzt gouf dëst Evenement vun der Gemeng Déifferdeng, hirer Schouldirektioun, wéi och Kulturama.
E Freiden, dem 3. Mee, dem läschten Dag kruten d’ Leit d’Méiglechkeet de Kanner, de Kënschtler an den Enseignanten iwwert Schëller ze kucke wärend si geschafft hunn.
De Projet schéngt allgemeng gutt ukomm ze sinn, well lo scho d’Gemeng an aner Instanzen uklappen en vue vun engem kW20.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: