Graffiti am LCD

Graffiti am LCD

Dëse Projet huet am Kader vum schoulinterne Konzept « Talents Skills and More » (TSM) vum LCD stattfonnt, deen als Zilsetzung d’ausserschoulesch Fërderung vu SchülerInne mat Begabungen a spezifeschen Talenter huet. Fir méi genee ze sinn handelt et sech heibäi em d’Ëmsetzung vun enger ganz konkreter Idee vun engem 6e-Schüler aus dem Grupp, dee sech als Zil vu senger perséinlecher ausserschoulescher Fräiaarbecht d’Erléiere vun der Graffiti-Technik an d’Realisatioun vun engem Graffiti gesat hat. Well dës perséinlech, iwwert d’Schouljoer dauernd Projetsaarbecht awer ënnert dem Titel „Reisen durch Raum und Zeit – das Jahr 2004/05“ stoung (dobäi handelt et sech em d'Gebuertsjoer vun de 6e-Schüler vun dësem Schouljoer) ass dee Schüler higaangen an huet decidéiert datt hie mat anere Kanner aus sengem Joergang wéilt ee Graffiti erstellen. Mat senge Coachen huet hien no engem Wee gesicht wéi en seng Idee vu klasseniwwergräifende Fërdernomëtteger, deen och integrativ an ausserschoulesch Begabungs- an Interessefërderung vun alle Schüler vu sengem Joergang uviséiert, en vue vun enger Realisatioun am Beschte kéint ugoen. Esou koum Kulturama mat an d’Spill. Um Kulturama-Site gouf dunn, zesumme mat de Coachen vum TSM-Projet, no engem
Graffiti-Kënschtler gesicht an de Jong huet sech doropshi selwer mam Graffiti- Kënschtler a Muralist Daniel Mc Lloyd a Verbindung gesat an d’Konzept beschwat. Uschléissend huet hien a méi individuellem Coaching Demarchen an d’Weeër geleet (vum Accord beim Script, iwwert dee vun der Direktioun … bis zu deene vun den Elteren) fir 3 Workshoppen ze organiséieren an déi sech jeeweils bis zu maximal 12 interesséiert 6e-Schüler - ëmmer anerer - konnten aschreiwen. Dëst huet spéider zu engem flotten a
spannende klasseniwwergräifende parascolaire Projet gefouert, dee ganz vill Schüler konnt mat abezéien.

Den éischten Atelier an deen d’Schüler sech konnten aschreiwe war d’Visitt vum Kënschtleratelier zu Esch. Mir hunn mat der Observatioun vun der Aarbecht vum Kënschtler Danile McLloyd in situ ugefongen: Esou konnte mir den Daniel live bei senger Aarbecht am Belval Plaza nokucke wou hien am gaange war ee Graffiti am Shopping Center ze erstellen. Sur place huet den Daniel eis gewise wéi hien um Lieu schafft, wat säin Equipement ass an eis erkläert wéi seng Aarbecht am Alldag ausgesäit a wat et bedeit als
Muralist ze schaffen. Spéider am Atelier„Kamellebuttek“ ukomm, deen ënner anerem och d’Funktioun vun enger Galerie erfëllt an där jonk Kënschtler d’Méiglechkeet kréien hier Wierker auszestellen, krute mer dunn weiderféierend Informatiounen zur Idee hannert dem Konzept vum „Kamellebuttek“ an mir konnten eis déi ausgestallte Wierker ukucken. Uschléissend huet den Daniel de Schüler a sengem Atelier d'Material an d'Handhabung vum dësem erkläert, fir duerno weider op verschidde Sprayer-Techniken anzegoen.
D'Schüler kruten doropshi verschidde kleng Aufgaben déi se hu musse versichen am Atelier op d'Wand ze sprayen. Deen 2. an deen 3. Workshop mam Daniel Mac Loyd huet am LCD statt fonnt. An dësen 2 Nomëtteger hunn d’Schüler eegestänneg an am Grupp den Hannergrond zum Motiv erstallt, d’Motiv entworf a vergréissert op d‘Wand am Hall vun der Sportshal iwwerdroen, fir uschléissend hire Graffiti kënnen ze realiséieren. Flott bei dëser kollektiver Aarbecht war virun allem déi gutt Entente tëscht de Schüler vun den diverse 6C a 6G Klassen, déi esouwuel op hire gemeinsam Interessi, ewéi och op an hier autonom mä hiergeriichte Virgoensweis bei dësem parascolaire Projet zeréckzeféiere ass.


No Fäerdegstellung vum Graffiti hunn d‘Schüler verroden, datt si wuel realiséiert hunn, datt d'Handhabung vun dëser Technik méi schwéier ass wéi se ausgesäit an datt een nieft enger kreativer a kënschtlerescher Virgoensweis a zeechneresche Kompetenzen och vill Übung brauch iert een dat esou gutt beherrscht wéi den Daniel an datt dozou natierlech vill Ausdauer gehéiert. Si hunn verstanen datt Graffiti-Kënschtler à la base ganz gutt Zeechner sinn, déi ee Bléck fir Dimensiounen an ee Gespier fir Farwzesummestellungen hunn, an datt dat net esou einfach ze Erléieren ass wéi ufangs ugeholl. Mir soen dem Daniel Merci datt hien eis mat vill Enthusiasmus di verschidden Etappe vun der Realisatioun vun engem Graffiti am Detail erkläert an eis esou gutt ugeleet an encouragéiert huet eis eegen Ideen selwer vum Ufank bis zur Fäerdegstellung ëëmzesetze - raumen a botze mat abegraff ;-)

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: