Faarweg Ouschteren

Faarweg Ouschteren

De Kontakt mat der Këschtlerin ass ganz positiv verlaaf: D‘Madame Pirson huet eis ausführlich informéiert betreffend den Ooflaf:  vun der Demande bis zum Schlussrapport.

Nodeems mir den Accord vun allen Läit kruten, hu mir zusummen no Méiglichkeeten gesicht fir Toilen am Cader vun eisem PDS kënen dem Thema Frëndschaft unzepassen. D’Madame Pirson huet eis Wënsch respektéiert an sou konnten wonnerschéin faarwig Toilen entstoen.

Mir haten fir Produktiounen 2 ganz Deeg virgesin:

An enger eischter Phase huet all Kand sich eng Faarw duerfen raussichen an een Deel vun der Toile bemolen, soulaang d Musik gelaaf ass. D Kand konnt séng Beweegungen vum Pinsel dem Rhythmus vun der Musik upassen. Dun ass eng passend Faarw dobäi komm esou datt mir ee flotten Hannergrond kruten. Uschléissend ass Platzpabéier bemolt ginn mat enger drëtter Faarw an et sinn Empreinten gemach ginn. All Kand konnt sich een Toilettenrouleau huelen a sich eng Faarw raussichen fir och heimad Oofdréck op der Toile ze machen.

Währenddem dat Ganzt dreschnen konnt krut all Kand Kuel a konnt eng Skizz machen vun sëch a séngem Frënd (passend zu Thema vum PDS). Mir hu geübt fir dat ganz Blat ze benotzen an richteg grouss ze molen.

Zum Oofschloss huet all Kand nach duerfen anhand vun engem Pinsel séng Toile besprutzen.

Moies waren Toilen drëschen an konnten geraumt ginn.

Am Virfeld hun d Madame Pirson an ech zusummen per Messenger decidéiert wéi ee Motiv mir géifen op d Biller machen, well d Biller lo nit méi am Cader vum Schoulprojet PDS kënen benotzt ginn (vill Kanner vun der Schoul vun Dellen wieselen d Gebäi d nächst Schouljoer, esou wär ët wirklich nit meiglich gewiescht den Projet am September weiderzeféieren). D Madame Pirson ass op ee Rendez-vous op Dellen an d’Schoul komm an hat hirt d’ganzt Material fir d’Schoulklassen an eenzelnen Tuten preparéiert. Si hat Pinselen matbruecht, hir Acrylen, extra Faaarwen fir d Sprutztechnique prepareiert an och de Venis gestallt. En plus, hat si eis 3 verschidden Schablounen prepareiert, fir datten mir d Arbicht dem Niveau vun de Kanner kënen upassen. Si huet eis ee Bild als Referenz zur Verfügung gestallt an eis Fotoen gemach, déi däitlich demonstréiert hun, wéi de Verlaaf ass.

Mir waren de ganzen Zäit an enkem Kontakt an waren frou esou positiv an efficace konnten ennerstëtzt ze ginn.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: