All Etappen vun der Realisatioun vun engem Buch

All Etappen vun der Realisatioun vun engem Buch

Dee Projet wou mir an Zesummenaarbecht mat der Madamm Claudine Furlano vu Zoom Editions haten ass vollbruecht. Mir hunn am Januar 2019 gestart. D'Madamm Furlano ass wärend zwee Deeg am Januar komm, fir eis di verschidden Etappen vun der Realisatioun vun engem Buch an Detail ze erklären. Fir dass en Kanner eng Iddi vun dem ganze kruten, huet si och verschidde Supporten a Bicher matbruecht. Ënnert anerem och d'Buch "Schhhhhht… de Luc erzielt" wou am Joer 2018 vun Déifferdenger Klassen gemaach gouf. No dësem Briefing hunn déi verschidden Gruppen mat hiren Enseignanten sech un d'Aarbecht gemaach. Den Delai fir di éischt Versiounen ofzeginn war d'Ouschtervakanz. No der Vakanz ass d'Madamm Furlano nach emol zwee Deeg bei eis komm fir eis e Feedback vun eise Geschichten ze ginn a Verbesserungsvirschléi mat op de Wee ze ginn. All Grupp huet ab dem Moment u senger Geschicht gefeilt an huet och mat den Illustratiounen ugefaangen. Och do hu mir eis en Delai festgesat fir der Madamm Furlano d'Biller an déi verbessert Versiounen vun eise Geschichten eranzeginn, fir dass si sech ëm de Layout vun eisem Buch këmmeren. D'Madamm Furlano war zu all Moment erreegbar a si stoung eis fir all Fro oder Hëllef zu Verfügung. Si huet eis reegelméisseg de Layout zoukomme gelooss, sou dass mir nach Ännerunge konnte maachen. E puer vun eise Klassen sinn och bei si op Déifferdeng an de Creative Hub 1535 gaangen fir dann och kënne ze gesinn wéi aus eise geschriwwe Geschichten an eise Biller lues a lues e buch entsteet. Mir sinn ganz gutt empfaange ginn a kruten e flotte Abléck an der Madamm Furlano hir Aarbecht. D'Kanner hunn och nach op der Platz eng Aktivitéit ugebuede kritt, si hunn e Mini-Buch gemaach. Mir hunn eist Buch vum Sne drécke gelooss, an d'Resultat ka sech weise loossen. E ganz grousse Merci un d'Madamm Furlano fir di flott Zesummenaarbecht an un iech, fir är Ënnerstëtzung ouni déi mir dëse Projet net hätte kéinten realiséieren. D'Buch ass eng flott Palette ginn, mat ganz verschidde Geschichten sief et an der Textverschaffung wéi och an der Billerproduktioun. Vu kleng bis grouss, all hu se mat voller Begeeschterung an Engagement geschafft. An net ze vergiessen, dass een duerch dee Projet eng ganz Rei Kompetenzen aus dem Plan d'Etude konnt mat
abezéien.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: