Sacha Hanlet

Sacha Hanlet

Musique

Als Museker, Sänger an Produzent mat 17 Joer Bünen an Studio Erfarung hunn ech säit 2020 och verschidden pedagogesch Workshops gemaach an sinn säit 2021 Member bei der a.s.b.l. HHBEL(Hip Hop Based Education Luxembourg). Workshops an Cour'en kennen vun Songwriting, Beatmaking wéi och Gesang an Museksproduktion goen. Als Drummer vun der Band MUTINY ON THE BOUNTY (700 conceren säit 2004 an Europa/Asien/USA) an Sänger/Produzent vun THEM LIGHTS (Electro Pop Solo Projet säit 2018) konnt ech vill wäertvoll Erfarungen am Bünen souwéi och Studio an Musek-Produktiouns Beräich sammelen. Vun 2005 bis 2012 hunn ech als Luuchten Designer an Techniker an der Rockhal geschafft an sinn säit 2012 Freelance Museker, Produzent an Event Techniker(Luuchten an Stage Management). Bei der Aarbecht mat Kanner an Jugendlechen ass et wichteg d'Bedürfnisser an d'Stäerkten ze verstoen fir zesummen Projet ze entwéckelen wou jiddereen agebonnen ass an eppes Wäertvolles léieren kann.

Contact

Website:

E-mail: sacha@schalltot.lu