Pit Wagner

Pit Wagner

Art

Ech sinn Illustrator, Zeechner, Moler a Graveur. Fir bestëmmte Saachen auszedrécken, maachen ech Installatiounen, Assemblagen a schreiwen. De Schwéierpunkt vu menger Aarbecht ass in situ zeechnen, Persounen an hirem Entourage. Geleeëntlech zeechnen ech um Geriicht, fir d'Press oder aus gesellschaftlechem Interesse. Ech zeechne vill Déieren an Nu no Modell. Gravure, Lithographie, Sérigraphie an aner Drocktechniken gebrauchen ech als eegestänneg Ausdrocksform. Ech hun classique C latine Diplom, vun 1976-79 op der Rietveld Academie zu Amsterdam allgemeng Grafik an Illustratioun studéiert, hu keng pädagogesch Ausbildung, gi seit 2011 Couren op der Summerakademie an hunn och soss scho vill Couren ginn. Beispiller vu menger Aarbecht fënnt een ënner www.pitwagner.lu Sproochen:Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Spuenesch an Hollännesch schwätzen a schreiwen ech fléissend. Ech si gewinnt viru Leit ze schwätzen a maachen dat gäer. Gewënschte Schoulniveau: Alleguer, speziell fir E-sectioun. Disponibilitéit: Op Ufro, als Indépendant hängt et ëmmer vum Zäitpunkt of. Ëmkrees: Fir eenzel Stonnen Ettelbréck, Dikkerech, Lëtzebuerg. Vun 2 Stonnen hannereneen un am ganze Land.

Contact

Website:

E-mail: wagnerpi@pt.lu