Pascal Gualandris

Pascal Gualandris

Musique

Mäi Numm ass Pascal Gualandris, bekannt ënnert dem Alias "Packo Gualandris" an ech sinn professionellen DJ, Museksproduzent an Tounstudiobesëtzer. Ech maachen an deem Kontext kuerz- oder laangfristeg Projeten, ob DJ-Workshops oder Lidder schreiwen an dat souwuel mat Kanner an och mat Jugendlechen. Erfahrung gesammelt hunn ech a verschidde Maison Relaisen (ënner anerem Gemeng Déifferdeng) oder och zesumme mam Réidener Jugendtreff, mat denen ech zënter ville Joeren zesummeschaffen a wou mir och schonn 2 CDen komplett selwer produzéiert hunn, ënnert dem europäesche LEADER-Programm. - Sproochen kann ech fléissend Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch - Punkto Schoulniveau kann ech souwuel mat de ganz klengen wéi och mat Jugendlechen schaffen a passen de Projet jeweils un sie un - Als fräischaffenden sinn ech zu zimlech all Auerzäit an Deeg disponibel soulaang et laang genuch am Viraus geplangt ass. - Ëmkreess: Ganz Lëtzebuerg mee haaptsächlech Minett an Zentrum.

Contact

Website:

E-mail: contact@packogualandris.com