Olga Reiff

Olga Reiff

Illustration

Ech sin zu Innsbruck gebuer, hun do fir Iwwersetzerin studéiert a war an dësem Beruff ronn 15 Joer zu Lëtzebuerg täteg. Zanter 2011 sin ech haaptberufflech als fräischaffend Illustratorin a Schrëftstellerin aktiv. 2018 ass mäin éischt Kannerbuch "Bim & Anna" zu Lëtzebuerg erauskomm. Ech bidden interaktiv Liesungen an kreativ Ateliere am EF vun 3-12 Joer un. Am Unterricht schwätzen ech Franséisch, Deitsch a Lëtzebuergesch. Meng Begeeschterung fir d'Schreiwen an Illustréieren, meng Erfahrung a Kenntnisser am Zeechnen an am Storytelling/ dem Opbau vun enger Narratioun hun ech schonn an diversen Liesungen an Atelieren, ënner anerem a Primärschoulen an bei Veranstaltungen zB am Escher Déierepark, weiderginn. Dobäi ass et mir wichteg, d'Kanner z'encouragéieren an hinnen ze weisen, dat a jidderengem e grousst kreativt Potential stiecht. Meng Horaire sin den Schoulzäiten ugepasst a flexibel - ech schaffen haaptsächlech am Süden mee kommen och gär an di aner Bezirker. Weider Informatiounen fënnt Dir op www.olgareiff.lu. 

Contact

Website: www.olgareiff.lu

E-mail: reiffo@pt.lu