Nordine Jaouid

Nordine Jaouid

Acrobatie

Jaouid Nordine, 26 Joer, Medizinstudent, Beweegungskënschtler a passionéierten Gesondheets&Ernährungswëssenschaftler. Ech praktizéieren verschidde Kampfkonschten (Taekwondo, Hapkido, Systema, MMA,..), Hiphop bzw. Breakdance, Parkour/Freerunning an och Intern Konschten (Yoga, Tai Chi, Sundo,..) säit 15 Joer, an hunn geléiert déi verschidde Welten ze kombinéieren -Beweegung - fir en méi holistescht Verständnis vum Kierper ze hunn. Hei sinn ë puer Asatzbeispiller, aus den lescht 3 Joer: -Freestyle Tour (SNJ): Workshops an Animatioun fir Parkour, Breakdance an Ernährung -Ateliers Parkour: Service de la Jeunesse Luxembourg, Nuit du Sport, Lycéeën (Nordstad, LTPS, Lënster,..) -Parascolaire Parkourklassen am Lënsterlycée -Divers Danzklassen Debutant, Intermediaire, Avancé an Freestyle -Breakdance Workshop (Atert Lycée, LTPS,..) -Yoga an Meditatioun fir Schüler an fir Proffen -Divers Optrëtt/Shows (Casino2000, TNL, Schoulfest, SNJ,...) ... Ech sinn ganz oppen fir néi Iddien an Asatzméiglechkeeten, also zéckt nët fir se ze proposéieren! Ech schwätzen lëtzebuergesch, franséisch, däitsch an englesch. Jiddereen ass wëllkomm an menge Coursen, egal wei ee Niveau, wei een Alter, ech passe mech un. Wéinst menge Studien, sinn dëst Joer meng Disponibilitéiten ë bëssen méi beschränkt: ab Juni disponibel. Keen Eck aus Lëtzebuerg ass mir ze wäit, ech kann iwwerall intervenéieren.

Contact

Website:

E-mail: N.jaouid@gmail.com