Nora Wagner

Nora Wagner

Film

Mäin Numm ass Nora Wagner, ech sinn Kënschtlerin an schaffen mat deenen verschiddensten Medien. Dës ginn ëmmer erëm un déi verschidden Projet'en ugepasst an reechen vun Installatioun, Molerei, Sound, Video an Performance bis hin zu Textarbeschten. Den Austausch an d'Experimentatioun sinn mir immens wichteg, an esou sinn oft Drëtter a meng Projet'en mat agebonnen an d'Disziplinnen vermëschen sech. Mat deem Esprit ginn ech och un d'Workshops erun. Am wichtegsten ass et mir mat deenen Jonken zesummen hir Phantasie ze entdecken, ouni Angscht virun engem “Richteg oder Falsch”, en neien Bléck op eist Ëmfeld an Matmënschen ze werfen an des Andréck kënschtleresch ze verschaffen. Wichteg ass mir dat jiddereen seng Platz an engem kënschtlereschen Projet fënnt an déi verschidden Kompetenzen gefuerdert ginn fir d'Selbstbewosstsinn ze stäerken an d'Freet un der Kreativitéit ze entdecken oder weider ze entwéckelen (Konschtsektiounen). Ech hunn Erfarung mat Kanner (ab 7), Jugendlechen (och verhalensopfälleg Jonker) an Erwuessenen (och mat mentaler Behënnerung). (Casino - forum d'art contemporain, CAW, DKollektiv, Lycée St.Anne, Lycée Nic Biever, Cooperations Wiltz, Summerakademie, Kulturhaus Niederanven, La “S” Grand Atelier). Ech schwetzen fléissend Lëtzebuergesch, Daitsch, Franséich an Englesch. Am léifsten géif ech mech fir länger Perioden engagéieren esou dat een sech kennen léieren an ouni Zäitdrock an d'Déift goen kann. Aus Erfarung weess ech dat et am flottsten ass wann d'Léierpersonal konkret um Projet deelhëlt, dofir géif ech op Ufro mat deenen Betraffenen jee no Interesse an Facilitéiten individuell Projet'en ausschaffen. Ech muss mindestens zwee Méint am Viraus bescheet wëssen well ech vill am Ausland un Konschtprojet'en deelhuelen. Den Moment vum Atelier sinn ech dann awer ganz flexibel wat d'Auerzäiten betrëfft. Fir en Abléck an meng Aarbescht ze kréien: norawagner.com

Contact

Website:

E-mail: wagner.nora1@gmail.com