Nico Pleimling

Nico Pleimling

Musique

No iwwer 20 Joer (kultur-)-journalistescher Aarbecht bei verschiddene Radiostatiounen an Zeitungen hunn ech vill Erfahrunge gesammelt fir Kanner a Jugendlecher bei hirer Mediebildung ze begleeden. Meng Aktivitéiten am Atelier Zeralda mat Primärschoulskanner ewéi och als Remplaçant am Primaire, als Assistant Pédagogique am Secondaire grad ewéi d'Matwierken am Kader vun der Caravane de l'An 2000 mat engem Radioworkshop fir Secondairesschüler iwwer e puer Méint a ville Lëtzebuerger Lycéen an zu gudder Läscht meng Aarbecht mat Universitéitsstudenten op der Miami University zu Déifferdeng am Kader vun engem Diszipliniwwergräifende Mediecours hu mir schon eng Partie Erfahrungen am Eneignement erméiglecht. Ech ka mir virstellen mat alle Niveauen ze schaffen. Ech sinn ab Mëtt November all Dag disponibel an hu kee Probleem domadder am ganze Land ze intervenéieren, dat an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch.

Contact

Website:

E-mail: nicope@cegecom.lu