Mirka Costanzi

Mirka Costanzi

Théatre

Ech hunn eng Ausbildung als Theaterpädagogin a Sozialaarbechterin an hunn Erfarungen am non-formale Beräich mat Kanner, Jugendlechen wéi och Erwuessener – mat oder ouni physesche wei mentale Beanträchtegungen. Nieft menger Deelzäitaarbecht als Theaterpädagogin an de Rotonden sinn ech fräischaffend als Formatrice, Animatrice, Performance-Kënschtlerin, wéi och Theaterpädagogin op aneren kreativen Projet'en täteg. Dobäi sinn ech och an 2 Theaterkollektiver (MASKéNADA an FINESTRA) aktiv.
„Der Mensch ist nur da ganz Mensch, wo er spielt”, sot de Friedrich Schiller: duerch d’ Spillen sech selwer entdecken, a seng sozial wéi kënschtleresch Kompetenze fërderen. Theaterpädagogik ass eng kënschtleresch, ästhetesch Praxis, déi de Fokus op den Individuum, seng Iddien an seng Ausdrécks-Méiglechkeete riicht. A wann een dat am Kontext vun enger Grupp mécht, entsteet doduerch Theater. Dee Prozess muss net ëmmer onbedéngt an engem fäerdegen Theaterstéck endegen, mee fërdert och an éischter Linn eis kulturell Bildung. Dëst Konzept kann zum Beispill och op Schoulstonnen iwwerdroe ginn. Duerch d’Theaterspillen och en aneren Zougang zum Léieren kréien, sech selwer an eis Gesellschaft besser kennen léieren, Gruppen dynamesch Prozesser fërderen.
Dat probéieren ech Iech mat mengen Erfarungen (mat vill Beweegung, Improvisatiounen, Danz, Texter - aus Kanner/Jugendbicher, Legenden, Märercher, aktuell Themen-, oder gemeinsam erfonnte Geschichten) ze vermëttelen a mat de SchülerInnen zesummen ze entdecken.

Schoulniveau: Spillschoul, Primär Schoul, Lycée
Disponibilitéiten: sou wei et meng aktuell Projet’en et mir erlaben – einfach nofroen
Ëmkrees: haaptsächlech Süden an Zentrum, mee wisou net och méi weit

 

Contact

Website:

E-mail: mirka.costanzi@gmail.com