Lys Differding
Illustration
Mäi Numm ass Lys Differding an ech si 34 Joer al. Ech schaffe säit 2018 als Illustratorin a Grafikerin ënnert dem Numm lys.illustrations. Ech hunn Erfarung mat Workshops am C1-C4.
Fir méi Infoen: www.lysdifferding.com
Ech bidden eng Rei verschidde Workshops un:
1.Kreatioun vun engem Buch, vun A-Z
2. Verschidden Buchbann-Techniken kenneléieren
3. Bünebild an/oder Kostümer bastelen/bitzen/zesummesichen… fir äert Theaterstéck
4. Drocktechniken: Kitchenlitho oder Natur Drock op Textil -->Och gären aner Drocktechniken, wann d’Schoul hei dofir equipéiert ass.
5. Méi kleng Workshops: T-Shirt designen a molen, Parzeläin bemolen (eng Taass fir Mammendag zB) …
Wann dir eng aner Projets/Ateliers/Workshop-Iddi hutt, zéckt net, mech ze kontaktéieren, da kënne mir zesumme kucken, wat machbar ass! :-)
Sproochen: lëtzebuergesch, franséisch, englesch an eventuell däitsch
Schoulniveau: Cycle 1-4
Disponibilitéiten: flexibel
Ëmkrees: am léifsten am Éislek, mee ka mech awer och duerch d’ganzt Land deplacéieren
Contact
Website: www.lysdifferding.com
E-mail: differdinglys@gmail.com