Lucie Majerus

Lucie Majerus

Design

Als Design Academy Eindhoven Absolventin, hunn ech eng ganz konzeptuell, oppen Approche zum Design woubäi d'Recherche an den Prozess eng wichteg Roll spillen. Ech schaffen als multidisziplinär Produkdesignerin mat verschiddenen Materialien wei Textil, Holz, Keramik an Metall. Mäin Schwéierpunkt léit op experimentell an natierlech Materialien an Faarwen. Ech kennen mech mat villen verschidden Techniken aus, meng léifsten sinn Broderie, Bitzen, Keramik, Siebdruck an Zeechnen. Ech hunn eng participativ Approche an involvéieren oft Léit an mäin Kreatiounsprozess. Als Designer fannen ech et wichteg en funktionellen an ästheteschen Objet ze gestalten, woubäi gläichzäiteg iwwert d'Nohaltegkeet, d'Experienz vum Benotzer an den System nogeduecht gëtt. Ech schaffen séit 2016 an verschidden Musée als Mediatrice culturelle, wou ech Konscht bei Visitt guidée vermëttelen, Atelieren programméieren, Schoulprogrammer opsetzen an och exekutéieren. Meng Erfarungen ginn vun Léit an allen Alter (+3 - 99 ) an folgenden Muséeë: Casino Luxembourg, Villa Vauban, Mudam, Lëtzebuerg City Museum an vill verschidden Schoulen. Sproochen: Lëtzebuergesch, Deutsch, Français, English (some Dutch)

Contact

Website:

E-mail: majeruslucie@gmail.com