Jeff Hemmer

Jeff Hemmer

Art

Mäin Numm ass Jeff Hemmer. Ech zeechne soulaang ech e Bläistëft hale kann a schaffen zanter 2020 als fräien Illustrator a Comiczeechner. Donieft sinn ech zimmlech aktiv am Beräich Workshops. Ech schaffen dacks mat Schoulen, Acteuren aus de Beräicher Jugendarbecht, Medienpädagogik a Politische Bildung, Bibliothéiken oder Muséeën zesummen an hunn Erfahrung mat villen ënnerschiddleche Gruppen. Viru menger Fräiberuflechkeet hunn ech an engem Wunnprojet mat onbegleete mannerjährege Geflüchtete geschafft.
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch.

Meng Workshops dréien sech gréisstendeels em de Beräich Zeechnen an Erzielen. Nieft klassesche Comic Workshops geet et och alt a Richtung Wandmolerei, Character Design oder ëm d'Arbecht mat verschiddenen Apps um iPad (Sketchbook, TagTool, etc.).

COMIC: Kuerz oder länger Workshops ronderëm de Medium Comic. Am Fokus kann entweder déi reng kreativ Erfahrung stoen oder och e spezifescht Thema aus dem Unterricht oder der pädagogescher Arbecht, zu deem mëttels Comic soll geschafft ginn. Zwou Stonne sinn de Minimum; fir e bësse méi am Fong oder och méi gezielt inhaltlech ze schaffe recommandéieren ech Workshops ab 4 Stonnen.

WANDMOLEREI: Ech bidde kee klassesche Graffiti-Workshop (Stencil oder Spray). Stattdesse schaffen ech mat Acrylfaarw, Pinsel an Acrylstëfter. D'Motiver entstinn am Grupp a behalen d'Handschrëft vun allen, déi matgezeechent hunn. Gebraucht gëtt dofir e Beamer oder en alen Overhead-Projektor; am bäschte geet et op iwwerdaachte Flächen. Recommandéiert Dauer: mindestens 1 Woch.

ZINE WORKSHOP: Hei entstin op der Fotokopiesmaschinn vill kleng Hefter ("Zines") oder och emol ee grousst gemeinschaftlecht Heft mat Comics oder kuerzen Texter. Mindestdauer: 2 Stonnen. Mat zwee Schouldeeg kann zum Beispill eng Ofschlossklass een Dag Comics zeechnen an den zweeten Dag eng Art "Year Book" als Erënnerung erstellen.
Ech si generell oppe fir Experimenter an nei Formater zesummen ze entwéckelen. Wat ech net ubidde, sinn "technesch" Coursen am Stil "Introduction à la gouache". Ech leeë méi Wäert drop, datt all Mensch d'Gelegenheet huet, den eegene Stil an déi eege Ressourcen ze entdecken a wäertzeschätzen.

Ech bidden donieft och "Train the trainer" Formater un, bei deene Léierpersonal oder Menschen aus pädagogesche Beruffer kënne léieren, wéi si ouni Zeechenerfahrung trotzdem kënne kreativ mat Comics an hirer Arbecht mat Jonke schaffen.

Ech wunne säit 2009 zu Bremen, mee komme gäeren zréck op Lëtzebuerg. Meng Disponibilitéit ass flexibel.
E puer vu menge Clienten: Stadtbibliothek Bremen, Landesinstitut für Schule Bremen, Vomhörensehen, Grenzlandmuseum Eichsfeld, Servicebureau Jugendinformation Bremen, Gedenkstätte Lutherkirche Lübeck, Robert Bosch Stiftung Kairo, Amnesty International Deutschland.

Contact

Website: www.afurnishedsoul.info

E-mail: jeffhemmer@posteo.net