Hubrecht Brand

Hubrecht Brand

Film

Ech ginn vun de Meeschten Leit Hubert genannt an sinn haaptsächlech am Medien Beräich täteg. An de leschten 4 Joer hunn ech een Bachelor vir Film a Fernseh ob der DEKRA Hochschule Berlin absolvéiert. Meng Schwéierpunkten waren Luucht- a Kamera- Technik. Momentan sinn ech, säit mengem Volontariat, bei der MediaFactory vum SNJ als Freelance agestallt. Do ginn ech enger Medienpedagogescher Beschäftegung no, an maachen mat Jugendlecher an Kanner meeschtens tëschent 10 an 20 Joer Kuerzfilmer aller Aart (Doku/Fiktioun). Mir schaffen meeschtens mat Schoulklassen awer och mat Maison Relaisen oder Jugendhaiser. En Filmdréi geet iwwert 1 bis 3 Deeg an der Zäit gëtt den Kanner graff eng Kamera erklärt, ee klengt Zeenario geschriwwen an déi eenzel Seenen dann gefilmt, den Schnëtt gëtt aus zäitlechen Grënn oft den Kanner netméi gewisen, sie kréien dann e puer Deeg no dem Besuch bei eis hiren fäerdegen Film deen ech zesummen schneiden, geschéckt. Ech hunn een Praktikum bei enger Serie gemaach déi elo op Arte ze gesinn ass (18 Clash of Futurs) an maachen och sos nach mol Beliichtung bei Filmsets, an ech dréinen mol méi oft kleng Dokumentatiounen, Kuerzfilmer a Videoclips vir a mat Bekannter. Niewelaanscht ginn ech och nach Nohëllef. Am groussen ganzen schaffen ech immens gären mat Jonken an ech fannen et fillt sech ganz sënnvoll un hinnen eppes iwwert Entstehung vun medialen Inhalter ze vermëttelen, an et mëscht vill Spaass mat hinnen an Gruppen ze schaffen well, wei mir beim SNJ soen, "Film ass ëmmer Gruppenaarbecht". Meng Mammesproochen sinn Lëtzebuergesch an Hollännesch, ech hunn laang an Däitschland gelieft also kann ech déi sproochen ganz gutt, an bei SNJ hunn ech schonn ganz oft d Kuer op franséisch an e puermol op englesch gehalenen wat och keen gréisseren Problem war. Vu dass ech fräischaffend sinn hunn ech am Prinzip an der Woch och wärend dem Schoulprogramm Zäit. An unseg sinn ech sust net disponibele wann ech well engem aneren zougesot hunn, fest Aarbechtszäiten hunn ech keng. Ech wunnen zu Waldbëlleg an sinn vun Iechternach bis Ettelbréck, Miersch an der Staat ganz gutt Verbonnen, mee ech hätt awer och näischt dargéint vir ee Projet méi weit ze fueren.

Contact

Website:

E-mail: brahu1991@yahoo.de