Ferreira Helder

Ferreira Helder

Musique

Den Ferreira Helder, och „Maka MC“ genannt ass Educateur an mëcht och Rap/Hip Hop op lëtzeboiësch mam Läbbel. Sait 2018 ass heen mam David Galassi an Rap/Hip Hop -Workshops aktiv, wou matt Kanner an Jugendlechen Rap-Texter zu Hip Hop Beats geschriwen gin. D’Workshops fannen an engem breetgefächerten Kader statt: Primaire-Schoul, Maison Relais, Jugendhaiser, Lycée ( all Niveau). D’Ziel dovun ass, matt der Musik an Texter déi Jonk ze ereechen an hinnen eng Ausdrocksméiglechkeet ze bidden op lëtzeboiesch, franséich, däitsch, englesch oder portugiesesch. Fir d'Disponobilitéiten: Horairen am bèschten Mueres vun 8h00 - 12h00. D’Hip Hop-Workshops sin een wichtegen Deel vun der Bildung, wèll een duerch d’Method vum Rap/Hip Hop kann engem Jonken ënnerschiddlech Werter vermëttelen. An den Workshops léieren se nei Méiglechkeeten kennen fir verschidden Kompetenzen ze entwèckelen wéi zum Beispill niewent Rhymus üben, den Wortschatz erweideren, sech emotional auszedrecken, d‘ Selbstwertgefill stärken, Verantwortung iwerhuelen, d’Kommunikation ënnerteneen förderen an een deem aaneren noolauschtren. Et gëtt een Beat ausgesicht, et gin dann eenzel Zeilen an Stroofen an bis zum kompletten Song geschriwen an firgedroen.

Contact

Website:

E-mail: helderferreira@ymail.com