Elena Spautz

Elena Spautz

Théatre

No mengem Schauspillstudium an Irland deen ech 2017 mat engem Bachelor of Arts ofgeschloss hun, schaffen ech fräiberuflech als Schauspillerin an Theaterpädagogin.
 Ech hun schon verschidden Theaterworkshops mat Jugendlechen geleet ënner anerem am Lycée Belval an am Fieldgen.
Theater bidd deenen Jonken d' Méiglechkeet sech op enger aner Manéier auszedrécken, kreativ ze sin, selwer eppes ze kreéieren an et kann een hinnen op eng spilleresch Art an Weis sozial Kompetenzen an Emgangsformen méi no bréngen. Theater kann och hëllefen mat méi Liichtegkeet eng nei Sproch ze léieren, dofier bidden ech och ganz gäer Theaterworkshops op Englesch un. Ech gestalten méng Workshops den genauen Besoinen vun de Schüler no. Dat wichtegst fier mech bleift awer ëmmer dass déi Jonk, Freed an Spass an mengen Workshops hun an dass si fier puer Stonnen hieren Alldags an Schoulstress kënnen vergiessen.
Ech bidden Workshops fier Spillschoulen, Primärschoulen an Lycéen un, gäeren och op Däitsch, Franséich oder Englesch. Ech sin flexibel mat den Arbechtstonnen an sin och am ganzen Land disponibel.

Contact

Website:

E-mail: elena.spautz@gmail.com