Christian Neuman

Christian Neuman

Art

No engem Bachelor am Media Design a Studien an Däitschland an an den USA, mëscht de Christian Neuman e Master op der London Film School. Hie schafft als onofhängegen Artiste, Scénariste a Realisateur zu Lëtzebuerg an zu London. 2007 realiséiert a produzéiert hien d’Kultur Emissioun ART7 fir de Sender T.TV zu Lëtzebuerg. Tëscht 2009 an 2011 realiséiert a produzéiert de Christian verschidden Documentaire an Afrika, fir d’ONG S.O.S. Faim an d’Europäesch Kommissioun. Hie realiséiert a produzéiert eng Rei Kuerzfilmer, Videoclippen an experimentell Filmer. Mat iwwer 50 offizielle Selektiounen op internationale Festivaler konnt de Christian verschidde Präisser gewannen, wéi beschte Realisateur oder beschte Film. De Christian ass och nach den artisteschen Direkter vun der prêt-à-porter’s Marque “Belle Sauvage”.
a) Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch. Preferenz fir Englesch b) Ab Lycée c) Dat hänkt ëmmer grad vu menge Projeten of. Insgesamt éischter flexibel d) Zentrum

Contact

Website:

E-mail: chris@focusart.com