Cecilia Said Vieira
Digital Art
Ech schaffen als Freelancerin am Podcast, Kultur & soziale Secteur an hu scho vill Erfarung an deene Beräicher gesammelt. "Bekannt" an de Medie sinn ech duerch meng zwee Podcaste ginn (Ceci, do You Love me & KulturPur). Ech wéilt gären zwee verschidde Workshops ubidde fir Schüler:innen. Podcasting: Wat brauch een alles fir een erfollegräiche Podcast ze produzéieren a wéi kritt een deen herno un d’Leit? Wéi brainstormed een e gutt Konzept, deen sech vun anere Showen ervirhieft? Material knowledge, Editing Crashcours, … Zukünfteg Kënschtler:innen Coaching: Wéi vermaart een sech als Kënschtler, fir seng Konscht u Leit ze bréngen? Dat ass nämlech een Aspekt, deen an de Schoule, menger Meenung no, feelt. Wat ass ee/eng gutt/e Kënschtler:in, wann e seng Konscht net un de Public ka bréngen?
Sproochen: Lëtzebuergesch,Däitsch, Englesch
Alter: Nëmmen an den méi héischen Niveauen (14-18+) Audiovisuell BTS Klassen ginn och, oder Optiounsklassen.
Als Freelancerin hunn ech flexibel Auerzäiten
Ech géing am Léiwsten Bezirk Zentrum & Norden betreien, mais sinn do och oppen.
Contact
Website:
E-mail: cecilia-vieira@web.de