Andy Genen

Andy Genen

Art

Ech hunn um Institut St-Luc een "graduat en arts plastiques (option BD)" gemaach a schaffen zënter 2003 als fräischaffenden (Comic-)Zeechner. Ech hunn iwwert d'Joren vill zeechneresch Projete realiséiert (BDen, allméiglech Illustratione fir de Beruffsinformatiounszenter vun der Adem, éischt Hëllefscoursen, Publicitéiten, Timberen, etc...) Donieft ginn ech och scho säit ville Joren an Primärschoulen, Lycéeën, Jugendhaiser a Maisons Relais. Engersäits halen ech do Virträg iwwert d'Geschicht vun der BD, d'Handwierk u sech an erkläre wéi een eng BD mécht, anerersäits maachen ech och Workshoppen. Dat sinn elo keng klassesch Zeechecoursen, well engersäits kann ech kengem an e puer Stonne bäibréngen, wéi een zeechent (dofir ginn et genuch "normal" Zeechecourse wou een dat léiere kann), an anerersäits wann ech enger Klass elo e puer Technike weisen, da sinn d'Chance grouss, dass da jidderee probéiert dat dann 1:1 ze iwwerhuelen an an deem Stil ze zeechnen. Mäin Ziil ass et, fir ze weisen, wéi een um Pabeier seng eege Welten erschafe kann. Et geet drëm, eng Geschicht mat sengen eegene Figuren ze erzielen, an dat no de Grondreegele wéi een eng BD opbaut. Eent vu mengen Haaptziler ass scho mol fir vu vir eran de Leit déi Angscht ze huele von wegen "ech kann net zeechnen". An da léieren d'Leit Etapp fir Etapp selwer hir eege BD ze kreéieren. Eng Formule déi sech do iwwert Jore bewäert huet, ass ee Workshop vu 4 Stonnen an engem Block, wou ech mat enger ganzer Klass / Grupp zesumme schaffen, wou mer dann all zesummen un enger Geschicht schaffen. No enger allgemenger Introductioun geet et drëms , Iddie fir d'Geschicht ze sammelen, de Szeenario ze erschafen, Figuren ze kreéieren, den Découpage ze maachen, Bläistëftszeechnung, an dann um Schluss mat Tusch d'Zeechnung nofueren. Dono hu mir da schlussendlech eng Geschicht, wou jiddereen ee Bild dozou bäigedroen huet. Dat heescht all Participant huet ee gläichwäertegen Deel zum Comic bäigedroen an et ass hannenumenn wierklech ee "Gemeinschaftsprojet", wou si dann och "vun Null un" all zesummen eppes kreéiert hunn. Ech ka Coursen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch halen. Altersklassen ab 10 Joer. Wat elo den Ëmkrees ugeet, alles vum Süden bis esou op der Héicht vun Ettelbréck ass kee Problem.

Contact

Website:

E-mail: happyantstudios@yahoo.de