Caroline Koener

Caroline Koener

Film

Haaptberuflech schaffen ech als Kostümbildnerin fir Film, Theater an Danz. Meng Ausbildung beschteet aus engem Bachelor's Degree deen sech 'Costume for Screen and Stage' intituléiert an ee Masters of Arts, dei ech allen beid op der Arts University of Bournemouth oofgeschloss hun. Ech hun schon gewëssen Erfaarungen am Beräich Schoul/Jonker sammelen können. Ech sin an den Primär ersetzen gangen, awer och am Lycée Ermesinde; ech hun als Student Ambassador op menger Uni geschafft an virun kuerzem hun ech am LNB en Workshop geleed deen 'Développement de personnages 2D/3D' geheescht huet. Desen Summer hëllefen ech 12st/Woch an engem Sériegraphie's Atelier fir den SNJ l'école de la deuxième Chance, an ech hun een 4 deeglechen Workshop am Jugendhaus Diddeleng virgesin. Ech wier frou meng Leidenschaft an gewonnen Kentnisser am Beräich Konscht an Kultur weider ze gin. Ech schaffen gaeren mat jonken Léit an ech geng och gaeren emmer méi esou Projeten unhuelen. Sproochen sin fir mech keen Probleem, ech schwetzen an schreiwen fleissend; letzebuergesch; franséisch; daitsch; englësch an ech kann och italienesch schwetzen. All Schoulniveauen sin fir mech interessant an mat den Horairen sin ech och flexibel. Ech hun en Caddy Auto mat deem ech, mech an main Material duerch d'ganzt Land féieren kann.

Contact

Website: /

E-mail: caroline.koener@gmail.com