Bady Minck

Bady Minck

Film

Schüler.innen: 10+ Disponibilitéit: ech kann mech andeelen wann ech et 2 Méint vidrun weess Emkrees: Letzebuerger Land Ech sinn eng Artistin dei zu Wien op der Akademie der bildenden Künste sculpture an op der Hochschule für angewandte Kunst Film studéiert huet. Sait den 80er Joeren machen ech Filmer, déi bis elo an iwwer 40 Läenner gewisen goufen. Meng Filmer goufen och op grouss Festivaler invitéiert, zwee op Cannes, zwee op d'Berlinale, zwee op Venedeg a main leschte Film 'MappaMundi' hat seng Weltpremiere um Sundance Film Festival. Meng Filmer hunn international vill Praisser gewonn. Retrospektiven vu menge Filmer (wou eng Rei Filmer vu mir lafen) hat ech bis elo an 20 verschiddene Läenner. Ech gouf an e puer Läenner och a Schoulen, Universitéiten an Akademien invitéiert fir Workshops oder Seminairen ze halen, oder meng Filmer virzestellen, oder och fir als 'Gastprofessorin' mat de Student.innen zum Thema Film oder Video ze schaffen. Dat waeren Läenner wéi Italien (ech verstinn och italienesch), Éisterraich, Daitschland, Holland, Litauen, Polen, Russland an Ukraine. Ech sinn gewinnt iwwert meng Filmer ze schwäetzen a vill Austausch mam Publikum ze hunn, vu dat ech meng Filmer am Schnett 20 - 40 mol am Joer weisen an dozou schwäetzen. Do kommen meeschtens och Froen aus dem Publikum an et entstinn dax spannend Disussiounen. Ech schaffen mat der Stop-Motion Filmtechnik déi ech fir mai Besoin weider entweckelt hunn. Stop-motion heescht, dat de Film mat eenzele Fotoen opgeholl get an doduerch e speziellen Effekt entsteet. Ech schaffen och mat Techniken aus dem Animatiounsfilm, wéi zum Beispill Plastilintrick, oder Cut-Out Animatioun etc. Ech schaffen bei mengen Filmer och ganz intensiv um SoundDesign. Bei mengem leschte Film 'MappaMundi' hat ech d'Téin, déi ech gebraucht hunn vun 3 Beatboxer.innen machen gelooss, wat e ganz spezielle Klang ergett. Aus all denen Techniken hunn ech mir een eegenen Filmunivers geschaaf. Ech geng ganz gäer och jonk Leit hei zu Letzebuerg fir de Medium Film begeeschteren, well een grad mat Film immens vill ausdrecken kann. PS: ech schecken iech per email nach Material

Contact

Website: /

E-mail: badyminck@badyminck.com