Annick Pütz

Annick Pütz

Dance

Bewegen ass fir mech eng Art d'Liewen ze erfuerschen. Ech interesséieren mech dofir, wéi mir iwert eisen Kierper en Zougang fannen zu eisem Alldag an zu dem wat mir erliewen. Mat Kanner schaffen ech gären zu Themen déi der Natur no stin, wéi z.B. d' Waasser; oder mat Materialien. En Thema fir Jugendlecher : d'Zesummenliewen, Grenzen a Beréierung ... Aner Themen déi grad an der Schoul behandelt gin, kënnen den Ausgangspunkt sin fir eng dänzeresch Approche. Sousätzlech zu mengen Erfahrungen als Dänzerin a Choreographin, sin ech och professionnell forméiert a somatischer Kierperaarbecht an Bewegungsentwécklung. Ech wënschen mir datt jidfereen Freed um Danzen kann hun, a schaffen duerfir och gären mat klengen a groussen Kanner déi eng Bewegungsaschränkung hun. Ech schwätzen lëtzebuergesch, däitsch a franséisch. Referenzen: EF Ettelbruck (Musical mam cycle 4.1); école maternelle école française; Philharmonie jeune public; Conservatoire du Nord ... Ech hu Choreographien entwéckelt fir a mat Kanner a Jugendlecher vun 3 bis 18 Joer.

Contact

Website: /

E-mail: apuetz@pt.lu