Cajon, Djembé / Boomwacker Workshop

Cajon, Djembé / Boomwacker Workshop

D’Schüler hunn sech während 20 Schoulstonnen mat Cajon’en, Boomwhackers, Bodypercussion a Rhythmusnotatioun auserneengesaat. Partizipatioun, Kreativitéit an zesummen musizéieren vun den Schüler soll am Firdergrond stoen. An jidfereen haat Geleegenheet am Mettelpunkt ze stoen an ze weisen waat en konnt. D’Schüler haaten zimlech schnell een Erfollegerliewnis, vue dass sie mat vill Freed a Motivatioun ( souguer Freides mëttes ) bei der Saach waren. Sie haaten ee ganz liichten Zougang zu den Cajon’en, nodeems mir am Grupp verschidden Rhythmen mat Bodypercussion an Stëmm ausprobéiert hunn.
Mat den Boomwhackers hunn sie mat menger Hëllef een kleng Stéck ( 5 Minutes Boom) astudéiert.

Rhythmusnotatioun hunn sie och geléiert mat Hëllef vun Iesswueren (Brout / Frit-ten/ Car-bo-na-ra / Kebab). Zum Schluss konnt all Schüler säin Rhythmus opschreiwen an dann op hierer Cajon nospillen.
An der Klasse hunn mir verschidden Museksstiler gelauschtert / Duerch den Raum goen am Grondschlag / Verdopplung / Halbierung /
D’Schüler hunn och een indianescht dLidd ( Wendayahoo ) gesongen mat Begleedung vun den Cajon’en. Zum Schluss vun deenen 20 Stonnen waren d’Schüler Stolz ee klengen Optrëtt an der Schoul vun 10 Minuten ze weisen.

Am Groussen a Ganzen war et een immens flotten Projet, obwuel d’Schüler aus verschidden Klassen koumen, waren sie motivéiert an hunn gutt mateneen geschafft. Daat eenzegt waat Schued war, dass verschidden Kanner net oft um Workshop konnten deelhuelen well sie aaner Verpflichtungen vun der Schoul aus haaten. Ech hoffen weiderhinn, dass am Régime Préparatoire musikalesch Projéeën ugebueden ginn.
Et war schéin ze gesinn wéi verschidden Jugendlëcher sech op eemol getraut hunn Musek ze spillen ouni Angscht jugéiert ze ginn. Sie sinn aus sech erausgewues an hunn duerch d'Musek méi ee starkt Selbstwertgefill kritt.

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: