Applaus

Applaus

Déi ganz grouss Neierung ass eisen neien Numm an den neie Site. Jo, mimamu & makedra heeschen elo Applaus. Wat dat bedeit gitt dir hei a manner wéi 100 Sekonne gewuer! Als Projet Applaus si mir vun elo un also är Adress fir didaktescht Material, Projeten an Aktivitéite an de Beräicher Musek, Theater an Danz, also alles ronderëm d‘Bünekonscht. Déi beléifte Materialdatebank ass ëmmer nach wéi gewinnt fir iech do an déi eenzel Materialien ginn elo och gebündelt fir gréisser Projeten an Optrëtter vun eis zesummegestallt. Och den neie Site ass weiderhin iwwer den IAM accessibel. Wann dir iech méi wéi ee Joer net méi bei eis ageloggt hutt, wäerte mir iech an Zukunft keng Newslettere méi schécken, et sief dann dir loggt iech op en Neits bei eis an.

Contact

Website: www.applaus.lu

E-mail: info@applaus.lu

Phone:

Address: 33, Rives de Clausen

L-2165 Luxembourg

Luxembourg