Zirkusprojet mam Chris Miller
D’ SchülerInnen aus dem Cycle 4.2. vun Tandel hu wärend deene leschte Schoulwochen een Abléck an d’ Welt vum Zirkus an der Akrobatik kritt.
Den Zirkuspädagog Chris Miller huet hinnen a verschiddenen Ateliere gewisen, wéi ee mat Bäll jongléiert, wéi ee Konschtstécker mam Diabolo, Telleren a mat de Blummebéngelen mécht, wéi een um Hola Bola d’ Gläichgewiicht hält ...
Awer och d’ Akrobatik koum net ze kuerz: d’ SchülerInnen hu geléiert, wéi een als Team Konschtstécker weise kann an dobäi een op deen anere Rücksicht hëlt.
Bäi all deenen Ateliere war vun de SchülerInnen ganz vill Engagement, Konzentratioun a Koordinatioun gefuerdert. Si hu gemierkt, dass ee fläisseg übe muss an dass vill Saachen, déi ganz liicht ausgesinn, vill Training verlaangen.
Fir hiren Optrëtt virun den anere Kanner a bäi der Talentshow an der Schoul hunn d’SchülerInnen sech du fir eng Disziplin entscheet an där si eppes presentéiere wollten. Nodeems si sech a klénge Gruppen iwwerluecht hunn, wat si weise wëllen, hunn si fläisseg mam Material geübt dat de Chris hinnen zur Verfügung gestallt hat. Beim Sichen no Iddien a beim Anübe vu klénge Choreographien huet de Chris hinne Rotschléi ginn an huet si ënnerstëtzt.
Iert de groussen Optrëtt war, hunn d’SchülerInnen sech nach passend Musek gesicht an den Oflaf vun der Show gouf geprouft.
Beim Optrëtt, war d’ Opreegung bäi verschiddenen ze mierken, mee alleguer hunn se hiert d’ Bescht ginn. Hier Leeschtunge goufe mat vill Applaus vun de Matschüler remuneréiert.
Dëse Projet war eng ganz wäertvoll Erfarung fir d’SchülerInnen: si konnten sech sozial, motoresch , kognitiv an och emotional weider entwéckelen, an dëst op eng flott an ongezwongen Aart a Weis.
Gallery
Contact
Website:
E-mail:
Phone:
Address:
