Write Your Own Lyrics

Write Your Own Lyrics

De Workshop huet sech iwwert eng Einführung, 4 Workshops an ee Concert gezunn.
Einführung: D'Schüler kruten puer Woche virum Start vum Workshop ee Video gescheckt bei dem de Maz erkläert huet em wat et am Workshop wäert goen. 1 Woch virum Workshop gouf et ausserdem ee Meeting wou d'Schüler dem Maz froe stelle konnten.
Beim 1. Workshop goufen déi 9 Schüler déi um Workshop deel gehol hunn, a 4 Gruppe gedeelt an hunn ugefang een eegenen Text ze schreiwen. De Maz huet de Gruppen déi ganzen Zäit Feedback ginn an hinne gehollef wann hinnen näischt méi agefall ass. Um Enn vum 1. Workshop hunn d'Schüler dem Maz hieren Text gescheckt.
Virum 2. Workshop kruten d'Schüler eng Opnahm vum Maz gescheckt, dass se héiren wéi hieren Text gerappt klengt a krutte Feedback ob hieren Text. Während dem 2. Workshop hunn d'Schüler da weider un hierem Text geschafft an de Maz huet hinne weidere Feedback ginn. Als Hausaufgab hunn d'Schüler d'Performance vun hierem Text übe sollen.
Am 3. Workshop kruten d'Schüler Erklärungen ob wat een oppasse muss wann ee rappt a wéi ee verschidde Saachen übe kenn. Duerno hunn d'Schüler hieren Text performt, krutten Feedback vum Maz, duerno hate se Zäit hier Performance nach eng Kéier ze üben, iert si erem performt hunn.
Beim 4. Workshop hu mir eng "Performance" simuleiert, wou d'Schüler d'endprodukt virun de Schüler aus dem Workshop präsenteire sollten. Iert se dest gemaach hunn, krutte se vum Maz awer nach Tips, wéi se sech opwärme sollen a mental ob eng Performance präpareire sollten.
Déi bëscht Grup gouf ausgewielt vir ob eisem grousse Gala Concert virun 400 Léit opzetrieden. Déi aner Gruppen kruten d'Méiglechkeet op engem méi klengem Event béi eis an der Schoul virun 30 Léit opzetrieden.

Vir d'Schüler war et ee ganz sënnvolle Workshop. Vir déi mescht Schüler war et déi eischt Kéier, dass si ee ganzen Text a Lidd selwer geschriwwen hunn. Doriwwer hinaus krute si hellefräich Tipps wéi si an d'Zukunft Texter schreiwe kennen.
Des Weideren hunn d'Schüler verschidde Performance Technike geleiert a wéi een sech op enger Bühn verhale soll.
Duerch d'Performance am Workshop kruten d'Schüler Selbstvertrauen, hier eegen Texter virun engem Public ze performan an de Concert war déi nächst Etappe, wou d'Schüler gemierkt hunn, wéi schéin et ass virun engem grousse Public opzetrieden.
Dëse Workshop war vu vir bis hannen ee vollen Erfolleg!

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: