Vun der Skizze op d'Toile

Vun der Skizze op d'Toile

Mir waren immens frou d‘Isabelle rem emol zu Heischent am Konschthaus ze hunn wou hatt ugefaang huet mat Molen. Hatt huet de Kanner Schratt fir Schratt alles erklärt a gewisen an zesummen hu mir super Biller gemoolt. D'Kanner hunn déi verschidden Aarbechtsschrëtt kennegeléiert a si selwer kreativ a kënschtleresch aktiv ginn. Am Virfeld sinn d'Kanner op de Projet virbereet ginn an duerno hu si aktiv mat der Kënschtlerin gemoolt. An enger éischter Phas gouf een Hannergrond gemoolt an duerno goufen d'Objeten drop verfeinert. Dobäi goufen d'Kanner verschidden Technike geléiert wéi Collage, Acryl oder och Kuel. Se hunn dobäi nach geléiert wéi ee grouss moolt.

D‘Kanner ware begeeschtert an hu gudd matgemaach. Si hunn och gesinn, wéi esou grouss Biller entstinn a wéi Kënschtler schaffen. Natierlech huet déi heemlech Atmosphère vum Konschthaus derzou bäigedro dass mir eis wéi richteg Kënschtler gefillt hunn. Fir eis all war et eng super Erfahrung an et wärt net fir d‘Läscht gewiecht sinn dass mir mam Isabelle zesumme geschafft hunn.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: