TTheaterpädagogesch Übungen an Improvisatiounstheater am C1

TTheaterpädagogesch Übungen an Improvisatiounstheater am C1

Iwer puer Wochen konnten d'Kanner regelméisseg iwer 1 bis 2 Stonnen un Atelieren zum Theater deelhuelen. Well et di éischt Erfahrung mat dësem spannenden Medium ass, gouf den Accent op d'Weiderentwécklung vun der Kierperkontroll, d'Kenneléiren vun verschiddenen Ausdrocksformen sou wéi dem Erweidere vun der Kreativitéit geluet.

D'Verhale vun de Kanner während den Atelieren war wéi erwaart am Ufank e ganz Anert ewéi zum Schluss: Si waren zeréckhalend an onsécher, hu just kleng Geste gemat, a lues, oder och alt guer net, geschwat. Mee mat der Zait sinn se ëmmer méi spontan ginn, konnten sech ganz op d'Propositiounen aloossen a sinn zum Schluss richteg drann opgaangen. Si hate Freed un der Expressioun a sin aus sech eraus gaangen.

Verschidde Kanner hun eegen Initiativen ergraff, ware kreativ an hunn eegen Ideeën an d'Spiller erabruet, z.b. an deem si scho bekannten Opwiermübungen spontan ëmgewandelt hun. Dass si sech getraut hunn hieren eegenen Ideeën nozegoen, weist, dass si sech wuelgefillt hunn, an am Atelier e séchere Cader fonnt hunn an deem hier perséinlech Virstellunge wëllkomm sin. Dëst huet verschiddene Kanner e regelrecht opbléihen erméiglecht.

Och déi Kanner déi firun Allem duerch eng sproochlech Barrière oft gehemmt sinn am Schoulalldag, hunn an den Atelieren eng Plaaz fonnt wou si sech ausdrécke konnten genee esou wéi hier Komeroden.

D'Übungen an d'Spiller déi d'Kanner kennegeléiert hun, kënnen iwer dës Atelieren eraus ëmmer nees opgegraff an ëmgewandelt gin, sou dass d'Kanner och iwer de Projet eraus kënnen vun hierer neigewonnener Ausdrockskraaft profitéiren an sech weider entwéckelen.

Et war eng flott Erfahrung déi de Wee zum Astudéiren a Präsentéiren vun engem Theaterstéck opgemat huet. An dësem Zesummenhang génge mir eis freën an Zukunft nach emol zesummen ze schaffen fir esou e gemeinsame Projet op d'Been ze setzen.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: