„Toi, moi et nous tous: Theater für alle“ : Die große Wörterfabrik

„Toi, moi et nous tous: Theater für alle“ : Die große Wörterfabrik

Nodeems ech mat mengem 1. Schouljoer am Juli 2018 de Musical „Peter Pan” op de Wëltzer Festival kucke war, hunn d’Kanner am Klassesall spontan ugefaangen Zeenen nozespillen, an dat och immens flott gemaach. Doropshi wousst ech, dass ech mat dëse Kanner och misst an der Schoul Theater spillen. Mee ech hu mir et net zougetraut, esou e Projet eleng op d’Been ze stellen – an zu dem Moment koum d’E-mail mat der Informatioun zum Kulturama – Projet.

Ech hu mir also am Hierscht 2018 op der Plattform www.kulturama.lu d’Mirka Costanzi erausgesicht, well seng Beschreiwung mech ugeschwat huet, an ech mech dodran erëmfonnt hunn. Mir hunn en 1. Treffen ausgemaach, fir eis iwwert di grouss Linnen a Prinzipien vun dësem Projet auszetauschen, déi eis allen zwee um Häerz louchen. Et sollt en Theaterstéck ginn, wat d’Kanner all zesumme maachen. Éischtens sollten et also net een oder zwee Haaptduersteller ginn, déi alles maachen, an 16 Statisten niewendrun, déi net vill maachen, mee amplaz 18 Theaterschauspiller, déi all zesummen e Stéck opféieren.

Mir géingen eis ausserdeem op d’Billerbicher „Die große Wörterfabrik“ an „Le petit voleur de mots“ baséieren, mee d’Stéck an d’Zeenen vun Ufank un zesumme mat de Kanner entwéckelen, an net hinnen eppes Fäerdeges virsetzen, wat si dann auswenneg ze léieren hätten.

D’Mirka huet dunn d’Catherine Hengesch mat u Bord vun eisem Projet geholl, fir eis beim musikaleschen Deel tatkräfteg ze ënnerstëtzen. Ech hunn eise Projet am Januar 2019 beim Script ageschéckt, a krut ganz schnell eng positiv Äntwert. Du konnt et lassgoen!

No der Ouschtervakanz ass d’Mirka fir d’éischte Kéier komm. D’Catherine an hatt hu ganz flott, beweegungsräich a spilleresch Theater – a Musikübungen an de Kontext vun eise Billerbicher gesat an sech esou mat de Kanner lues a lues, Kéier fir Kéier un dat fäerdegt Stéck mat senge verschiddenen Zeenen erugetaascht. An dëst ouni dass si jee misste vill ustrengend, langweileg a laangwiereg Theaterprouwen iwwert sech ergoe loossen! Esou ass en Theaterstéck mat a vun de Kanner entstanen. Si hunn zum Beispill mat decidéiert, a wéi engen Zeenen si wëllen den Erzieler sinn, an och wéi eng Momenter an Zeenen aus de Billerbicher iwwerhaapt an d’Theaterstéck opgeholl ginn.

Et war immens léierräich fir mech, mam Catherine a Mirka zesummen ze schaffen. Si sinn als erfueren Theater- a Musikspädagoginnen natierlech ganz anescht un déi ganz Saach erugaange, wéi ech et als Léierin gemaach hätt. Si hunn de Kanner e gewëssene Fräiraum ginn, wat natierlech verschidde Kanner villäicht heiansdo e bëssen ausgenotzt hunn. Mee anerer, méi roueg a méi schei Kanner sinn an dësem neie Fräiraum, an dëser Geleeënheet sech mam Kierper auszedrécken reegelrecht opgebléit. Esou wuel de Kanner hier Elteren ewéi och si selwer hu ganz nei Säiten u sech entdeckt, an dobäi eng wichteg Gemeinschaftserfarung gemaach.

D‘Theaterstéck war en interdisziplinären, ganzheetleche Projet. Mir hunn am Däitschen un de Wieder (fir am Land vun der grousser Wiederfabrick) geschafft an natierlech e puer Sätz Text geléiert. An der Musek hu mir d’Lidder geüübt an och, eis rhythmesch zu der Musek ze beweegen an op d’Signaler vun der Musek ze lauschteren. Am Arts Plastiques hu mir un der Bühnendekoratioun geschafft.

D’Mirka an d‘Catherine hu mech ëmmer erëm berouegt, bestäerkt a genausou wéi d’Kanner am Prozess begleet, a sinn mat hirer immens grousser Erfarung ganz relax bliwwen, wann ech nervös gi sinn.

Dank hirer immens professioneller Aarbecht konnte mir dunn, nodeems mir all Woch no der Ouschtervakanz 2 Stonnen um Theaterstéck weidergeschafft hunn, dëst an eisem Kultursall zu Steesel de 27. Juni deenen anere Klassen an den 28. Juli schlussendlech de Famille weisen.

Et war natierlech deelweis stresseg an opreegend. Awer et war och immens schéin, dass d’Mirka, d’Catherine an ech zesummen de Kanner an hire Famillen dës Erfarung an dëse Souvenir mat op de Wee konnte ginn. Esouwuel vun den Eltere wéi och vun menge Kollegen a Kolleginnen gouf et immens vill positive Feedback; wann och net ëmmer alles perfekt geklappt huet, war et awer en authentesche Projet, den d’Kanner sech zu eege gemaach hunn, an dëst huet een och op der Bühn gesinn.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: