Throwback « Freundebänke » mam Letitia Lang

Throwback « Freundebänke » mam Letitia Lang

D’Schoul Useldeng huet d’Letitia Lang kontaktéiert fir unzefroen, op eng Méiglechkeet besteet, fir déi dräi nei Freundebänke mëttels Rollespiller an deene verschiddene Cyclen anzeféieren. Den Interessi war séier do. Kuerzerhand
gouf sech zesumme gesat fir déi verschidden Atelieren an de 16 Klassen aus de Cyclen 1-4 ze plangen.

D’Aktivitéiten hunn am März 2024 wärend jee 2 Stonnen an der salle multifonctionnelle am neie Schoulgebai an och dobausse statt fonnt. D’Aktivitéite sinn all vum Letitia Lang animéiert ginn. Duerch hier natiirlech a locker Aart a Weis, konnt si schnell e gudde Kontakt zu hirem jonke Publikum opbauen.

Fir den Ufank huet d‘Theaterpädagogin e puer spilleresch Opwiermübunge fir de Kierper an d’Stëmm aus dem Beräich vum Theater mat de Schülerinne a Schüler duerchgefouert. Hei ass et virun allem drëms gaangen, fir sech selwer sengem Kierper a senge Beweegunge méi bewosst ze ginn. D’Kanner hun hieren Numm mat verschiddene Beweegungen associéiert an hunn dobäi awer och d’Moves vun hiere Matschüler verhale mussen. Opschonns d’Nimm vun all de Kanner am Grupp längst bekannt waren, hunn des Aktivitéiten dach gudd gefall. Ganz niewebäi gouf och d’Iddi vun der Toleranz an der Akzeptanz nach emol nei vermëttelt. Jiddereen heescht aanecht, jiddereen mëcht aner Beweegungen, jiddereen hëllt Plaz am Raum an.

Uschléissend ass et lass gaange mat kooperative Spiller a Mini-Szenen fir éischt Bühnenerfahrungen ze sammelen. Hei waren de Kanner just wéineg Grenze gesat fir hier Kreativitéit esou ze förderen. Dës Rollespiller sinn duerno am Schoulhaff mat de Frëndschaftsbänken duerchgespillt a vun de Schüler kommentéiert ginn. Dës war dann och de Moment fir op d’Gefiller vun de verschiddenen Acteuren anzegoën an interessant a léierräich Diskussiounen ze féieren.
Duerch eng professionnel Aféierung, hat all Klass d’Méiglechkeet, fir déi nei Frëndschaftsbänke kennen ze léieren a sech hierem Sënn an Zweck bewosst ze ginn.

Zesummen als Klass, konnten d’Schüler-innen erliewen wat et heescht an enger Gemeinschaft ze liewen an opzewuessen. Si sinn sech bewosst ginn wéi een sech fillt a wat an engem geschidd wann ee selwer vun der Frëndschaftsbänk Gebrauch mëcht an Hëllef ugebuede kritt.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: