Schoulfest am LTETT
Bei villen Schüler ass Konscht e grousst Thema an sou haten mir de Kënschtler Daniel Mac Lloyd gefrot fir e Graffiti Atelier op eisem Schoulfest un ze bidden. De Kënschtler huet ëmmer eng Grupp vun 10-12 Schüler betreit. All Schüler krut eng Staffelei mat enger Toile di konnt gesprayt ginn. Fir den Ufank huet den Daniel awer nach mat de Schüler zesumme gekuckt wou en iwwerhaapt duerf sprayen a si hunn iwwer di eenzel Spray Technike geschwat. No dem klengen Austausch a kenneléieren hu si dann ugefaangen di eenzel toilen ze gestallten. Dobäi war de Kënschtler ëmmer do bei Froe vun de Schüler. No 50 Minutten hat jiddereen seng Toile fäerdeg an konnt se mat heem huelen.
Wat huet de Projet de Schüler bruecht ?
• Fërderung vun der Kreativitéit
• Stäerkung vun der Augen-Hand Koordinatioun
• Stäerkung vum Farwensenn
• Technike vum Spraye kenneléieren
Gallery
Contact
Website:
E-mail:
Phone:
Address:
