
Präventiounswochen (Summer Adventure 1/07-05/07/2024)
Bei dësem Atelier hu mir missten Ipads zur Verfügung stellen. Am Virfeld hu mir dann och d`Ipads vun der Schoul preparéiert mat der APP di de Kënschtler eis uginn huet.
D`Schüler sinn zesumme mam Kënschtler eenzel Froen duerch gaangen wei zum Beispill aus wat besteet e Beat. Dorobber konnten Schüler villes opzielen. De Kënschtler hat e Beat scho preparéiert fir et mat hinnen auserneen ze huelen (Foto Tounspueren). D`Schüler déi ënnerschiddlech Begrëffserklärungen (Drop, Autotune…) erkläert kritt an hunn se dierfen testen. Sie haten alleguerten Kopfhörer kritt fir sech nemen kenne op den Toun ze konzentréieren.
Mat dëser App kann een esouguer ophuelen. D’App huet vill Soundeffekter dran an Instrumenter wou een dann auswiele kann. Et gouf kuerz erkläert wéi een dat alles uwent. Duerno hu mer d’Ipads geholl a selwer ebessen ausprobéiert.
Sie kruten d`Aufgab vir e Beat ze produzéiere vun enger Minutt aus 2 Deeler. Dëst hunn di meescht gutt ëmgesat. Allerdéngs muss e soen dat Zeit ze kuerz war fir di Schüler wou et net direkt versatenen haten oder eben ebessen mei lues geschafft hunn. Dëst war schued mä dat hu mir dem Kënschtler och als Feedback ginn.
Gallery
Contact
Website:
E-mail:
Phone:
Address: