Molatelier an der Spillschoul

Molatelier an der Spillschoul

Nodeems mir an der Klass iwwert d’Thema Kënschtler geschwat hunn, haten mir d’Isabelle Pirson bei eis invitéiert , fir mat him zesummen ze schaffen an eng wonnerschéin Toile ze molen.

Mir hunn an 2 Deeg an ëmmer an 2 Gruppen geschafft. Deen éischten Dag gouf den Hannergrond gemaach, hei hunn d’Kanner passend zum Rhythmus vun der Musek gemolt. Mat Toilette Rouleau’en an « Bulleplastik » kruut den Hannergrond de leschte feinschliff, ir déi kléng Artisten mat Faarf drop gesprutzt hunn.

Wärend dat ganzt gedréchent ass, hunn d’Kanner déi Saach, déi se wollten drop molen, mat Kuel op e Blat gezeechent. Den 2 Dag gouf dunn hir Skizze vun hinnen am groussen op d’Toile iwwerdroen a faarweg gemoolt.Zum Schluss goufen nach kléng Detailer mam Fanger oder Pinsel gemoolt, ir d’Kanner nach eng kéier op hiert Bild gesprëtzt hunn.

RESULTAT : 17 wonnerschéin, individuell Toilen, mat Hellëf a Leedung vun enger ganz léiwer, sympathescher Kënschtlerin J

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: