Mir si staark fir eng Welt vu muer!

Mir si staark fir eng Welt vu muer!

Dëse Projet ass entstan nodeems d’Madame Françoise Brill, chargée de cours an der Ecole Communale de Diekirch d’Madame Martine Conzemius, Deviser a Performer, Ufank Januar 2020 kontaktéiert hat. D’Datumen fir d’Nomëtteger waren onreegelmässeg, well der Madame Conzemius hir Projet’en als Fräischaffend vum Joer scho festgeluecht waren. Dëse Projet guf dertëscht gesat. 

Beschreiwung: 
D’Ufro vun der Schoul war freides mëttes bei Kanner ze kommen, déi an d’Projets Klass kommen, mat hinnen Theater ze maachen, si frou ze maachen andeems si eppes extras erliewen, eppes aneschters wéi soss.  
An d’Projets Klass komme Kanner, déi et méi schwéier an hirer Klass hunn, siff et wéinst der Sprooch, hirem sozialen Emfeld oder well si réicht zanter kuerzem am Land sinn a nach net mam schoulesche Rhythmus kënne mathalen. Freides mëttes kënne si bei d’Madame Brill goen wann si wëllen a wann den Enseignant vun der Klass  näischt virgesinn hat wou déi betreffend Kanner matmaache sollen. 
Alles leeft op fräiwëlleger Basis. 

Wat war de Plang? 
Ab dem 24. Januar 2020 sollt d’Madame Conzemius 10 x 2 Stonnen an d’Projets Klass goen. De Plang war Theater mat de Kanner ze maachen a si de Clown doe kennenzeléiren. Well d’Kanner der Madame Brill op emol gesot haten si wéilte keen Theater maachen an ech schonn engagéiert war, sinn ech bei d’Kanner komm an hu mech folgendermoossen virgestalt: Moien, ech sinn d’Martine Conzemius an ech komme bei iech spillen. 
D’Kanner hu mir d’Hand gin a mir hunn ugefaang: 
mam Momentbuch: 
All Freides guf virum lassleeën a kuerz viru Schluss op eng hallef Säit vun engem DinA 4 Blat gemoolt, geschriwwen, wéi et jidderengem am Moment géng goen. 
Dest sollt no 10x2 Stonne e klengt Bichelche gin als Erënnerung gin. Zum Schluss sollt driwwer geschwat ginn: jiddereen hätt d’Méiglechkeet kritt iwwert säi Bichelchen ze schwätzen an wann e gewollt hätt,  hätt een och iwwert deem aner säint kucken kéinten an eppes dozou soen. 
mat Teamspiller: 
All Freide guf mat engem Krees ugefaang wou d’Nimm kennegeléiert sollte ginn. D’Kanner, déi an dësem Grupp waren, waren meeschtens net beienees an enger Klass. Si haten och verschidden Alteren. D’Gruppkonstellatioun war kee Freiden déi selwecht. 
A dësem Moment gung et och drems deen aneren ze kucken fir durno weider ze spillen .

Mir hunn ‘Wee vun eis huet…. un? D’Kanner haten d’An zou an hu missen iwwerleeën wee wat un hat. Dest ass e flott Rodspill an de Leader ka  genau leeden wee winni ernimmt gëtt an datt jiddereen ernimmt gëtt. Jiddereen ass gläich wichteg. 
Mat Teamspiller konnt een demools nach kierperlech méi wait goen, well e no beienee stoe konnt, de Grupp een zouene Krees war.  
mat Improvisatioun a Phantasiespiller: 
E Géigestand ka villes sinn: e Géigestand geet ronderem an ass alles mee net dee Géigestand. Wat kann et sinn? 
No a no guf d’Mask mat an d’Spill bruecht. Di 3. Kéier guf di neutral Mask virgestalt.  Jidderee krut eng Neutral Mask matbruecht an de Kanner gufen d’Spillreegelen  dozou erklärt. D’Kanner hu gespillt, iddereen op seng Art a Weis an op säin Tempo. Si hu sech ameséiert a gemierkt, datt wann e roueg do steet, datt dat och eppes ausseet an datt vill ronderem rennen, sech keng Zäit huelen, no Chaos ausgesäit. 
Dësen 3. Nomëtten hat de Grupp eng flott Erfahrung erliewt wéi während der 1. Stonn eng Léierin mat hirer Klass rofkum. Si hat e Jong bei sech, deen richteg opgedréint war. Si huet gefrot op hien des Stonn bei dësem Grupp kéint bleiwen. Hien ass bliwwen, fir d’éischt am Eck a no a no guf hien iwwerzeecht och eng Mask unzedoen an ze spillen. Hien krut mam mask eng Rou a sech an huet eng Minutt laang een anere klenge Jong gewisen, een dee ganz douce war. 
mat raus an d’Loft: 
Wann d’Kanner zevill Energie haten, ass de ganze Grupp an de Schoulhaff gaangen. Si si gelaf an duerno guf 1,2,3 Piano an Wuerm gespillt. 

Wat ass geschitt? 
No deenen 4 Kéiren huet sech bei de Kanner schon e Rhythmus agependelt. Di eng woussten wéi et leeft, di nei Kanner gufen direkt vun deenn aneren inspiréiert a matgerappt. Ni guf erwähnt, datt  mir Theater génge maachen. Obwuel d’Kanner sech ëmmer nees fir Spiller a Momenter iwwerwannen hu missen, kumen si zréck. Si hate Loscht op méi Spill! 
Di 4 Nomëtteger waren verschidden awer den Opbau war dee selwechte bliwwen. 
Wat war d’Zil? 
D’Madame Brill an d’Madame Conzemius wollten, datt des Kanner Neies iwwert sech entdecken, dat si duercht d’Spill gestärkt géife ginn. Si sollten sech ausdrécken kënnen iwwer aner Weeër wéi nëmmen iwwert de Wee vun der Sprooch, di eng Sprooch. Deemno wéi d’Kanner weider opgebléit wären, hätte mir deemno kleng Szeenen ageprouft. Si wären als Zwëschenoptrëtt um Schoulfest opgetrueden. Mir wollten si stärken fir dee Schratt ze maachen an ze weisen, datt si mat Spaass een Deel vum Ganze sinn. 
Leider ass et net dozou komm, well no dem 4.  Nomëtten de Lockdown wéinst dem Coronavirus agelaut guf. 

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: