Melusina's Moves

Melusina's Moves

Moies hunn déi 6-7 Danz-Schüler bei eis am Lycée hier Präsentatioun zu der Geschicht vum Melusina gemaach. Et waren ongeféier 8 Klasse présent. De Spektakel  ass gutt ukomm an d’Schüler waren zimmlech beandrockt och wa verschidde Klassen net op Thema preparéiert goufen.

Mëttes war dann den Atelier mat menger Klass déi vum Här Stefano Spinelli an d'Madame Aifric Ni Chaoimh encadréiert gouf. Sie hunn d’Schüler motivéiert a bei der Staang gehalen.Dat war elo am Ufank éischter « basic » Übungen einfach emol fir dass si hier Kierper fillen an och wichteg !!Hemmungen ofbaue fir virun aner Schüler sech mat Gesten  auszedrécken, duerzestellen.

Et war ganz interessant an et huet mir awer als Regente gewise wéi wéineg si sech beweegen oder beweege kënnen.

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: