Hä?!... oder wat gelift?

Hä?!... oder wat gelift?

Am Kader vum Projet «Hä?!... oder wat gelift?», deen dëst ganzt Schouljoer op der Annexe Alliance vum LNB Diddeleng gelaf ass, sinn am Schoulhaff Graffitien entstan, déi déi 5 magesch Wierder «Moien, äddi, pardon, wann ech gelift a merci» erem méi no un d’Schoulpopulatioun brëngen sollen, fir dass se erem méi einfach an méi oft an de Schoulalldag integréiert ginn.

5 verschidde Graffiti – Künstler sinn dofir op d’Alliance komm. Dëst waren den Mirco Castellano, de Gilles Lanners, den Daniel MacLloyd, den Thomas Lloyd an de Raphael Gindt.

Si hunn mat de 5P- Schüler fir d’eischt eng theoretesch Aféierung gemat, duerno konnten d’Schüler sech un de Graffiti-Techniken ausprobéieren an Iddien sammelen, wat op grouss Panneau’en am Schoulhaff géif gesprayt ginn.

E puer Deeg méi speid sinn dunn d’Konschtwierker dobaussen emgesat ginn.

Am ganzen waren un dëser Aktivitéit 44 Schüler bedeelegt.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: