Go for a Rap

Go for a Rap

Den 11.11.20 war de sougenannten Astig an eise Projet mam Helder Ferreira.

D’Schüler woussten net wat op si duer ging kommen, waren awer op fir mol ze lauschteren, wat do e „Rapper“ hinnen ging zielen.

Fir d’éischt mol huet hien hinnen d’Geschicht vum Hip Hop erkläert an do sinn dann och schons déi éischt Gespréicher entstanen.

Wéi gëtt den Takt mat Wierder opgefëllt? Wat fir eng Inhalter hunn déi eenzel Rappen? Wat kennt dir sou? An dobäi war dann all Kéiers den Helder, deen dorop agaangen ass a mat jidderengem iwwert seng jeweileg Favoriten fachsimpelt huet.

Dono gouf vun Takt – Beat a Schléi pro Minutt geschwat, fir dann kënen op den Choix vun engem Beat iwwerzegoen. Den Helder huet eis Verschiddener viirgespillt, an dono kunnt jiddereen seng zwee Favoriten nennen. Mir hunn eis zesummen op „Beanded Skull – 23 *Hip Hop Instrumental* gëeenegt. Scho leng dëse Viirgang war ganz intressant, jiddereen huet missen argumentéieren an deem aneren nolauschteren, an zesummen hu mir missen eng Décisioun huelen.

Bei eiser Mindmap zum Thema „Reim“, huet et e bësschen gedauert, bis mir vu Reimwierder zu richtegen Paarreimen koumen an hu gemierkt, datt et un Übung an Ënerstétzung ging brauchen, fir zu engem inhaltléchen gutt getextenen Rap ze kommen, fir vun Maus – Haus zu enger perséinlecher Ausso a Form vun engem Reim ze kommen.

Perséinlech Ausso war dann och d’Stéchwuert fir d’Thema vun eisem Rap rauszesichen: Wat beschäftegt mech? Wat ass mir wichteg? Wouriwwer maachen ech mir Gedanken?

Och hei hu mir laang mateneen diskutéiert a gegruewen, fir datt jiddereen méi déif an sech ra kucken geet, fir rauszefannen wat eigentlech am Liewen wichteg ass: Do si mir op Themen wéi Famill, Frënn, Fussball, Portugal, Mobbing, Chillen bis hin zu eisen endgültegen Themen: Zukunft a Fräiheet gestouss.

Uschléissend gouf méi genau analyséiert, wat déi zwee Schlësselwierder fir jiddereen eenzel bedeiten:

Fräiheet: nees fräi Pausen an der Schoul, nees méi Zäit mat de Frënn, selbstbestëmt liewen, keng Kontroll, eng eege Meenung kënnen hunn, keng Rechenschaft mussen ofginn...

Zukunft: Do waren di Jonk sech all eens, fir hier Zukunft wënschen si sech eng Aarbécht a Famill..

Dono ass den Helder op d’Organisatioun vum Schreiwen vum Rap iwwergaangen a fir dat Ganzt a Form ze bréngen, huet hien den Opbau erkläert: Wat ass eng Intro? Wat ass eng Outro? Eise Rap gët ënerdeelt an : Intro – RAP Part 1 – Refrain – RAP Part 2 – Refrain – Outro

Mam Beat am Kapp, ass et dunn iwwergaangen un d’Gedankensammlen, d’Schreiwen, d’Reimen... an dat war alles anescht wi einfach.

Do war jiddereen gefuedert, di Jonk an die Erwuessen. Jiddereen huet mol als éischt probéiert selwer seng Iddien festzehalen an dono hu mir dann zesummen dru gefeilt. Dat huet schons eng gewëssen Ausdauer erfuedert, a mir hunn all gemierkt, datt sou en Véierzeiler net rupsdiwups do steet.

Zum Schluss hu mir zesummen de Refrain gesicht an zesummegereimt. Et war schon ergräifend wat fir eng wichteg Aussoen do komm sinn, datt si hier Zukunft a Fräiheet mat Respekt a mat Eegeverantwortung gesinn.

Ech denken, et war iwwerhaapt e Projet wou vill konnt iwwert säi Vis-à-vis gestaunt ginn, wou ee vill konnt vun deem aneren léieren, mir waren all en Team, wou ganz kloer déi eenzel Perséinlechkeeten richteg rauskoumen, deen een war méi d’Zugpäerd, deen aneren mi douce am Hannergrond, anerer hunn déi néideg Würz duerch hier Kommentaren bruecht an domat déi e bessi mi Zrékhalend aus hierer Réserve gelockt.

Wéi eise Rap dun endlech stoung, koum e leschten a ganz prägenden Schratt: d’Produktioun an eisem Tounstudio vun der Schoul. Et ass scho schued, datt mir dofir just zwou Stonnen virgesinn haten, well dat huet eis jong Rapper voll impressionéiert: duerch e Mikro schwätzen, sech selwer duerch d’Kopfhörer héieren, d’Opnahm duerchzéien, méi Opnahmen maachen, sech duerno alles ulauschteren an de gudde Choix treffen fir di Bescht rauszewielen, sech trauen virun deenen aneren ze musizéieren, sech agestoen, wann et net direkt richteg leeft an dee Fakt akzeptéieren, houfreg op sech sinn, wann et gutt kléngt. Dat waren zwou absolut emotional Stonnen a wann ech nach eemol virdru wier, da wieren mir well éischter an dës Musiksräim vun der Schoul komm, well dat Ganzt gëtt eng aner Atmosphär a fuerdert ganz sécher och vill méi d’Kreativitéit an d’Motivatioun.

Bei dësen Opnahmen hate mir de Christian Lordong, en Enseignant aus eiser Schoul, deen d’Material am Tounstudio bedéngt huet, op eiser Säit. Den Helder konnt sech sou op d’Féieren vun deene Jonken konzentréieren. Si hunn ëmmer op seng Kommentaren gelauschtert a seng Rotschléi ëmgesat, seng Meenung war hinnen wichteg.

Wéi mir d’Opnahmen all duerchhaten, huet de Christian alles zesummegesat an arrangéiert, wat nach eemol vill Aarbécht war a wat meng Schüler leider net mi matkruten, well d’Optioun fäerdeg war a mir dat an eiser Fräizäit zu Enn bruecht hunn.

D’Endprodukt léisst sech héieren an ech mengen, datt mir all ganz houfreg op eis Leeschtung sinn. Virun allem sinn ech houfreg op di aacht Schüler, si hunn hiere Projet richteg duerchgezunn, och wann et ënnerwee heiansdo ustrengend fir si war, mee.....mir hunn en zesummen zu Enn bruecht.

Ech ka wiirklech soen, datt ech meng gesaten Ziler erreecht hunn. Fir dann och mol hier Nimm ze nennen, d’Angela, den Diogo, de Stefan, de Luca, de Leandro, de Fabio, de Jil an den Simao sinn aktiv ginn, hu gedicht, sech investéiert, hu sech vill mat den Inhalter auserneengesat, hu sech dem Rhythmus ugepasst an eppes Wonnerbares erschafft.

Och hier Kompetenzen a punkto - Kreativitéit: texten, - Teamfähegkeet: een deen aneren beim Texten ënerstétzen a motivéieren, zesummenhalen fir de Projet zu engem Enn ze bréngen, - Rhythmus spieren: säin Text an de Rhythmus abréngen an zesummen de Refrain ophuelen, Artikulatioun: Eng gutt Opnahm erfuedert vill Übung fir datt all Wuert kloer an däitlech ze verstoen ass. An dann zum Schluss: e Projet duerchzéihen: Och wann déi lescht zwou Stonnen vum Projet an hierer „Fräizäit“ war, an si ufanks net woussten, ob si dann do wieren, waren se all do bis op een, an da war do och nach en anere Schüler deen krankheetsbedéngt souwisou iwwer d’Hallschescht vun der Optioun ausgefall war.

Ech sinn immens dankbar dëst kënen mat hinnen all erlieft ze hunn. Et weist mir alt nees wi wichteg eis Aarbécht als Pädagogen a Begleeder vu Jonken um Wee fir an hiert Erwuesseneliewen ass. Et war e Projet, deen mir ZESUMMEN duerchgezunn hunn, den Helder an ech hunn douce gefouert an och matgemaach, ech als Laien hu mech dëser Rausfuederung grad sou gestallt wi meng Schüler, si hu gesinn, datt ech oft grad sou opgereegt war wi si. Et war schéin an et war en Mateneen.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: