Atelier Bande dessinée

Atelier Bande dessinée

De Kënschtler huet sech virgestallt andeems hien erzielt huet weieng Schoul hien gemaach huet a wei hien drop komm ass vir Comiczeechner ze ginn. Engt éischt Bild huethien gewisen nodeems kuerz gefrot ginn ass wat d Schüler menge wat e Comic ass. 

E Comic ass eng Geschicht ouni Text.

Éischt Etappe fir eng Geschicht ass et muss en eng Iddi hunn. Duerno gëtt Thema                festgeluecht an da maachen mir e Brainstorming mat Iddien, wou alles kann dra si wat engem afält. Duerno komme verschidden Etappen déi wichteg si fir de genauen Oflaf vun der Geschicht op ze stellen. Etgëtt alles op Tafel geschriwwen fir dat d Schüler en Iwwerbléck kréien an ëmmer alles op e Blék gesinn an och no kucken kenne. D Schüler bestëmmen den Oflaf vun der Geschicht aleng an de Kënschtler hannerfreet d Iddien, falls eppes onkloer ass. Dann gëtt d End Iddi vum Oflaf op der Tafel an enger Reihenfolg notéiert. Jidderee soll zwee Biller duerno mole well eng Geschicht vun enger Säit seet meeschtens net vill aus. Dëst ass allerdéngs nehmen de Fall wann et kleng Klasse mat wéinegen Schüler sinn.
De Kënschtler moolt puer Iddie fir, wou d Schüler sech weider kennen drun orientéieren oder et eben ofmolen. All Schüler kann als éischt mol ebessen probéieren ze mole fir waarm ze ginn an duerno ginn d Biller opgedeelt an gekuckt ween weiengt Bild moolt. Dobäi ass et wichteg dat all Bild eng Nummer huet fir duerno d Reihenfolg rëm ze fannen. 

Des Opdeelung ass wichteg fir di verschidde Sequenze vun der Geschicht duerno kennen ze verstoen. Des eenzel Sequenze ginn enert de Schüler opgedeelt an et gëtt gekuckt ween sech  als staark a manner staark am zeechnen aschätzt. D Schüler hunn ëmmer rëm Hëllefsstellung vum Kënschtler kritt ënnert anerem och vir perspektivisch Figuren ze mole wei zum Beispill eng Persoun am Setze molt.
Nodeems si alleguerten hier Sequenze krute kennen si ufänke mat molen. Allgemeng ass de Workshop mega gutt ukomm a Schüler ware begeeschtert.

Bei dësem  Projet hunn d Schüler vill iwwert sech selwer geleiert wei z.B sech mei zou ze trauen. Sie hunn déi ganz Prozedur vum Opbau vum Comic kenne geleiert an hu gesi wat fir eng Arabescht amgaang dohannert ass. Sie hunn d Perspektiven an Ausriichtunge kenne geleiert. Des Weideren hunn se d Wichtegkeet vu Gesiichtsausdréck an der Iwwerdroung vun Emotioune wouer geholl a probéiert op Pabeier ze bréngen. Verschidde Schüler hunn eng nei Passioun hei doranner fonnt.

 

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: