Yann Annicchiarico
Art
Meng Studien hun ech op der Beaux Arts vu Lyon gemaach an hun do e Master an en DSRA, also en Diplom fir meng Forschungsaktivitéit als Kenschtler. Ech schwetzen gären Letzebuergesch, Daitsch, Franzéisch an Englesch vrun Klassen, och well meng éischt Studien virun der Konscht am Beraich Iwwersetzung waren. Ech hun Erfahrung an der Pedagogie mat Lyceesklassen an schaffen am léiwsten am cycle supérieur, also no der “4ème”. Als haaptberufflechen Kenschtler sin meng Disponibilitéiten flexibel - üblecherweis wees ech am Viraus Bescheed wann eng Ausstellung oä usteet a kann dat fir meng Projet’en mat Kulturama zur Zait ugin. Ech kann mech generell am Emkrees vun der Stad bewegen an wann den Projet spannend as fueren ech och gäre mol mei wait. D’Medien déi mech an menger Arbecht benotzen sin immens variéiert an waat se zesummenhält as hiiren Inhalt. Esou schaffen ech mat engem Fokus op Wahrnehmung an waat dess konditionnéiert. Do sin Schwéierpunkter wei zB Architektur mer wichteg, an ech interesséiere mech emmer erem dofir an wei engem Ausmoos de Musée als Institutioun eis Art a Weis Konscht an also och d’Welt wouer ze huelen prägt .
En aneren Schwéierpunkt deen a menger Aarbecht emmer eremkennt as d’Zesummenliewen mat Wiesen déi eisem menschlechen Standpunkt kontra bidden; emmer erem gravitéieren meng Arbechten ronderem de Matten hiirer Altéritéit ; also wei eng Ennerscheeder tescht eiser an hiirer Wahrnehmung, dei vun der Nuecht an der se liewen an vun hiirer Biologie dei se vun eis ennerscheed, bestemmt gett.
Contact
Website:
E-mail: yannicchiarico@protonmail.ch
