Tun Tonnar

Tun Tonnar

Film

Ech si fräischaffende Musiker, Produzent, Rapper a Videoclip-Realisateur. Ech hunn e Bachelor an der Pédagogie zu Fribourg an der Schwäiz ofgeschloss, hunn zu Lëtzebuerg als Ersatz-Personal am Fondamental geschafft an hunn 1 Ausbildung zum Musik-Produzent zu Berlin um Abbey Road Institute ofgeschloss. Ech hu well puer Rap an Hip-Hop Workshops gehalen am Casino (Kanner vun 8-12) awer och a Lycée'en (LTC 1ère, LGL 7ème). Ech schwätze Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch. Ech kéint suwuel Workshops am Hip-Hop Beräich ubidden (Texter schreiwen, Beatmaking, Rap-Performance) awer och méi allgemeng am musikalesche Beräich mat Kanner schaffen (Lidder schreiwen, Sangen, Instrumenter kenneléieren). Ech selwer spille Gitar a Piano. Ausserdem hunn ech schon iwwer 30 Musikvideos fir divers Bands a Kënschtler realiséiert, hunn also och vill Kompetenzen am Film (Skript schreiwen, Kamera-Arbecht a virun Allem Schnëtt a Postproduction). Am léifste schaffen ech mat méi aale Schüler, aus dem Lycée, kéint awer och mat méi Jonke schaffen. Ech si relativ flexibel a stinn zu den normale Schoulzäiten fir Interventioune bereed. Am Léifsten géif ech am Raum Stad, Miersch schaffen, sinn awer mobil.

Contact

Website: /

E-mail: tun@tonnar.lu